Martin Masius

Vu Wikipedia
Martin Masius
Gebuer 1520 jul.
Meerbeke
Gestuerwen 20. Juni 1585
Iechternach

De Martin Masius, am Joer 1520 zu Meerbeke (Brabant) gebuer a gestuerwen den 20. Juni 1585 zu Iechternach,[1] war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an de 60. Abt vun der Iechternacher Abtei (1569-1585).

De Martin Masius ass 1540 an d'Benediktiner-Abtei Affligem (Sint-Pieters-en-Paulusabdij Affligem) agetrueden. 1545 ass hien zum Priister geweit ginn.[2] 1550 ass hien op Lëtzebuerg an d'Abtei Münster geschéckt ginn, wou hie Kellermeeschter war.[3] 1557 ass en an d'Abtei Affligem zeréckgeruff ginn, wou hie 1558 Prior an 1563 Kellermeeschter an Aumônier gouf. 1565 ass hie Probst vu Meerssen ginn.[4] 1569 gouf de Martin Masius als Abt an d'Abtei Iechternach geschéckt[5], gouf awer eréischt 1573 confirméiert.[2]

A senger Sitzung vum 21. September 2015 huet den Iechternacher Gemengerot siwe Stroossen an der Industriezon no Äbt vun der Abtei Iechternach genannt, dorënner och eng „rue Martin Maas“ [sic][6], déi un den Abt Martin Masius erënnere soll.[7]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Karl, 1904-1910. Porträt-Gallerie (sic) hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit : mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss, 6 Bände [zitiert nach: Neuauflage. Ed. Kutter, Luxemburg 1972, 514 S. + 6 S. [Abt M. Masius von Echternach, S. 210].
  • Bertels, Ioannes, 1638. Historia Luxemburgensis. Coloniae: Bütgen, 10 p. + 219 p. + Index rerum. PDF
  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. [60. Abt. Martin Masius, 1569-1585: S. 63-66].
  • Kauthen, Pierre, 2000. Johannes Bertels: Echternach. In: Analecta Epternacensia. Luxembourg, S. 101-173.
  • Neyen, Auguste, 1860. Biographie luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, 480 p. [Martin Masius: S. 442-443]. PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bertels 1638, S. 176; Neyen 1860, S. 442; Kauthen 2000, S. 168/169. – Den Augustin Calmet gëtt den 21. Juni 1585 als Stierfdag un (A. Calmet, 1757. Histoire de Lorraine. Tome VII. (Listes chronologiques, col. LXX).
  2. 2,0 2,1 Neyen 1860, S. 442-443; Kauthen 2000, S. 166/167-170/171.
  3. Adam Reiners, 1900. Die Geschichte des Dorfes und der Herrschaft Oberwampach. Ons Hemecht, Jg. 6, Heft 3 (1. März 1900), S. 140. Cf. Bertels 1638, S. 158. Cf. Bertels 1638, S. 158.
  4. Dës Chronologie baséiert op de biographeschen Donnéeën, déi de Masius selwer hannerlooss huet an déi vum Abt Bertels publizéiert goufen (Bertels 1638, S. 177). Kuck och: Kauthen 2000, S. 168/169-170/171. Laut Neyen (1860, S. 442) wier de Masius zwar Probst vu Meerssen gewiescht, awer nëmmen bis 1560, wou d'Probstei un de Bistum Roermonde gefall wier. – Méi iwwer d'Propstei Meersen op Wikipedia ënner: Proosdij van Meerssen.
  5. Den Arendt (1904-1910) schreift, déi Iechternacher Benediktiner hätten de Masius gewielt. Dat war net de Fall. Et gouf keng Walen. Den neien Abt gouf einfach vum Kinnek Philipp II. vu Spuenien nominéiert, ouni datt déi Iechternacher Patere gefrot goufen.
  6. Dës Versioun vum Numm, déi zwar un en heefegen Iechternacher Familljennumm erënnert, an der Fachliteratur normalerweis awer net gebraucht gëtt, fënnt ee beim Franz Müller, Das Bürger-Hospital zu Echternach (Großherzogtum Luxemburg). 2. Abdruck. Luxemburg 1864, S. 127: Probst Martin Maas oder Masius. Beim Wikipedia-Lemma „Abtei Iechternach“ [1] [Versioun vum 13. Abrëll 2022] steet deen Numm och, zousätzlich nach „Marten Maes a Meerbeeck“. Dës lescht Versioun gëtt ernimmt am Buch vum Thomas Falmagne, Die Echternacher Handschriften bis zum Jahr 1628 in den Beständen der Bibliothèque nationale de Luxembourg sowie der Archives diocésaines de Luxembourg, der Archives nationales, der Section historique de l'Institut grand-ducal und des Grand Séminaire de Luxembourg. Teil II: Beschreibungen und Register. Harrassowitz, Wiesbaden 2009, S. 33, 42, 478, 508. Beim B. J. Thiel heescht et: Martin Maes, besser bekannt ënner dem latiniséierten Numm Masius (Dom Jean Glatz, abbé d'Echternach 1588-1594. T'Hémecht, Jg. 5, Heft 4, S. 68.
  7. Aweiung vun den neie Stroossenimm an der Industriezone. Eechternoacher Gemäneblat 04/2016, S. 10-11.