Martine Hansen

Vu Wikipedia
Martine Hansen
Gebuer 10. Dezember 1965
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Hohenheim
Aktivitéit Politiker, Agronom, Lycéesprofesser
Partei CSV

D'Martine Hansen, gebuer den 10. Dezember 1965 zu Wolz[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV). Si ass zanter dem 17. November 2023 Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an der Regierung Frieden-Bettel.[2]

Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Première am Dikrecher Lycée huet d'Martine Hansen op der Universitéit Stuttgart-Hohenheim Agronomie studéiert, mat Spezialisatioun op d'sozial- a wirtschaftswëssenschaftlech Aspekter vun der Landwirtschaft. Vun 2005 un huet si iwwer en zweejärege Fernstudium e Master an der Gestioun vu Schoulen op der Universitéit Kaiserslautern gemaach.[1] Als Masteraarbecht huet si e Schoulentwécklungsplang fir Ettelbréck gemaach.

Beruff[änneren | Quelltext änneren]

D'Martine Hansen war vun 1993-2006 Professesch an der Akerbauschoul. Vun 2006 bis zu hirer Ernennung als Ministesch, 2013, war si Direktesch vun där Schoul.[1]

Politesch Ämter[änneren | Quelltext änneren]

Den 30. Abrëll 2013 gouf si als nei Ministesch an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir d'Recherche an d'Héichschoul.[3] Si huet d'Marie-Josée Jacobs ersat, déi demissionéiert hat, an en Deel vun den Dossiere vum François Biltgen iwwerholl, deen och als Minister opgehalen hat.[4] Déi Regierung gouf am Dezember 2013 derch d'Regierung Bettel-Schneider ofgeléist.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf si an d'Chamber gewielt a bei deene vum 14. Oktober 2018[5] an deene vum 8. Oktober 2023 [6] erëmgewielt.

Si war vu Februar 2014[7] bis Januar 2019[8] Co-Vizepresidentin vun der CSV.

Vun Dezember 2018 bis November 2023 war si Fraktiounschefin vun der CSV an der Chamber.[9]

Zanter dem 17. November 2023, ass si an der Regierung Frieden-Bettel Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.[10]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Revue Nr. 22 vum 29. Mee 2013, S. 14-19: Die Macherin

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Martine Hansen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Fiche "Martine Hansen" op gouvernement.lu, gekuckt 2013-05-06.
  2. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  3. "Martine Hansen a Marc Spautz sinn elo offiziell Minister." RTL.lu - 29.04.2013, 18:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2013, 14:13.
  4. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
  5. elections.lu.
  6. (fr)Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  7. "CSV-Nationalkongress: Spautz neie Parteipresident, Zeimet bleift Generalsekretär." rtl.lu, 08.02.2014, 14:41:16.
  8. "De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident." rtl.lu, 26.01.2019.
  9. "Martine Hansen ist neue CSV-Fraktionschefin." wort.lu, 05.12.2018.
  10. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  11. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/