Martine Reicherts

Vu Wikipedia
Martine Reicherts
Gebuer 13. Abrëll 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Lëtzebuerg,
Universitéit Aix-Marseille,
Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker, Affekot, Fonctionnaire

D' Martine Reicherts, gebuer den 13. Abrëll 1957 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Juristin, Beamtin a Politikerin.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Martine Reicherts huet 1975 bis 1979 an der Stad, zu Nice an zu Aix-en-Provence Droit studéiert. Dono huet si en DEA am Droit économique op der Université Panthéon-Assas gemaach. Vun 1979 bis 1984 huet si an der Stad Lëtzebuerg als Affekotin geschafft.

1984 gouf si Beamtin an der Europäesch Kommissioun a blouf dat bis zu hirer Pensioun, 2018. Do huet si ë. a. an der Generaldirektioun Recherche an Innovatioun, indirekt Steieren, an Industrie a Bannemaart geschafft, a war Member vum Cabinet vun de lëtzebuergesche Kommissaren Dondelinger (1989-1990), Steichen (1994-1995) an zulescht vum Kommissiounspresident Jacques Santer (1995-1998), wou se Vize-Kabinettscheffin war. 1998-1999 war si Porte-parole vun der Europäescher Kommissioun[1].

2003 gouf se Generaldirektesch fir d'Verwaltung vun de Gebaier an der Logistik vun der Kommissioun zu Lëtzebuerg (OIL), an 2007 vum Publikatiounsoffice vun der EU. 2014 war si, als Nofollgerin vun der Viviane Reding, fir e puer Méint Kommissarin fir Justiz, Grondrechter a Citoyennetéit an der Kommissioun Barroso II[1]. Am September 2015 gouf se Generaldirektesch fir Bildung, Jugend, Kultur a Sport[2].

No hirer Pensioun, 2018, gouf si Member vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Zentralbank an 2019 Direktesch vum Fonds national de la recherche. Am Juli 2021 gouf si Presidentin vum Verwaltungsrot vu Mediahuis Luxembourg[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Martine Reicherts – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • CV op europa.eu.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 CV op ec.europa.eu, gekuckt 2021-07-21
  2. Movers and Shakers. The Parliament Magazine, 26 February 2018
  3. Saint-Paul Luxembourg: Martine Reicherts wird Vorstandsvorsitzende." wort.lu, 10.06.2021