Martine Schommer
| Martine Schommer | |
|---|---|
| Gebuer |
13. Juli 1961 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Diplomatin, Politikerin |
|
| |
D'Martine Schommer, gebuer den 13. Juli 1961 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Diplomatin an Entwécklungspolitikerin.[1]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Martine Schommer huet um Institut national des langues et civilisations orientales (INALCO) vun der Universitéit Paris III Slawistik a Sinologie studéiert. Am Februar 1987 ass si an de Lëtzebuerger diplomateschen Déngscht agetrueden an hat bis 1998 verschidde Positiounen am Ausseministère an an de Auslandsvertriedunge vu Lëtzebuerg, ë.a. vum November 1991 bis de Januar 1995 bei der Stänneger Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun zu Bréissel.[1]
Am August 1998 gouf si zu der Ambassadrice zu Beijing ernannt, mat Akkreditéierung och fir d'Mongolei, Singapur an de Vietnam.[1] Vun August 2002 bis August 2004 war si Direktesch fir politesch Affären am Ausseministère.
Vu September 2004 bis August 2008 war si Ambassadrice bei der Belsch a Stänneg Representantin bei der EU. Vu September 2008 bis August 2012 war d'Martine Schommer Ambassadrice an Däitschland,[1] a gläich dono, bis August 2017, Directrice vun der Lëtzebuerger Kooperatioun, mat Akkreditatioun als Ambassadrice a Burkina Faso, am Mali, am Niger an am Senegal. Am September 2017 gouf si Stänneg Vertriederin vu Lëtzebuerg bei der OECD.[2]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Komtur vum Verdéngschtuerde vum Niger (2017)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 4 Lebenslauf Frau Martine Schommer, Luxemburgisches Ministerium für Auswärtige Angelegenheiten
- ↑ Luxembourg: Ambassador, Permanent Representative to the OECD. oecd.org
- ↑ Appui financier de près de 30 milliards de F CFA du Luxembourg au Niger. Agence Nigérienne de Presse (ANP). 2017-06-08.
Quell: Dësen Artikel ass eng Iwwersetzung vun de:Martine Schommer an der Versioun vum 21.03.2025. D'Auteure bis dohi stinn do am Versiounshistorique.
