Marvel Comics

Vu Wikipedia
Marvel Comics
Grënnungsdatum 1939 als Timely Comics
1947 als Magazine Management
1961 als Marvel Comics
Sëtz 135 W. 50th Street
New York


Marvel Comics ass een US-amerikanesche Verlag, dee virun allem Comics erausgëtt. Hien ass nach virun DC Comics de weltwäit gréissten Editeur an deem Genre. De Virgänger vu Marvel Comics, Timely Comics, gouf am Joer 1939 zu New York City gegrënnt. No enger weiderer Ëmbenennung op Atlas Comics heescht de Konzern zanter 1961 Marvel Comics.

Zu dee bekanntsten Titelen zielen de Captain America, Hulk, Spider-Man, The Fantastic Four, Iron Man, Thor oder och X-Men. Vill vun deene Comics goufen an deene leschte Jore verfilmt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Urspréng[änneren | Quelltext änneren]

1939 huet de Martin Goodman Timely Comics, de Virgänger vun Marvel Comics, zu New York City gegrënnt. Dës Grënnung fält an d'Zäit vum sougenannte "Gëllenen Zäitalter vum Comic", déi tëscht den 1930er an dem Ufank vun den 1950er Jore louch. De Martin Goodman wollt dobäi d'Gonscht vun der Zäit notzen, an déi ëmmer méi grouss Popularitéit vun deem Medium, besonnesch de Superhelden, fir dorausser ee kommerziellen Erfolleg ze maachen.

Dat éischt publizéiert Comicheft war den Marvel Comics Nr. 1. Déi bekanntst Figur vun Timely war de Captain America, ee Superheld, deen an engem Kostüm an de Faarwe vum US-Fändel virun allem an den éischte Bänn géint d'Nazien oder aner Feinde vun den Alliéierte gekämpft huet.

Am November 1951 gouf Timely dunn op Atlas Comics ëmgedeeft. Déi Ëmbenennung fält an eng Zäit, wou et och mat der Beléiftheet vun de Comics virleefeg biergof goung. An der Zäit vum McCarthyismus stoungen och Comics ënner der Beschëllegung, kommunistesch Propaganda ze verbreeden. Besonnesch awer d'Buch Seduction of the Innocent vum amerikanesch-dätsche Schrëftsteller Fredric Wertham, dat 1954 publizéiert gouf, huet Comics als geféierlech, an als Usporn fir Jonker, kriminell ze ginn, duergestallt. Als Resultat vun dëser Campagne gouf de Comics Code geschriwwen, ee Verhalenskodex vun de Comicverleeger selwer, fir sech Richtlinnen ze ginn. D' Atlas-Zäit war virun allem vu Comics gepräägt, déi em Monster, Horror oder och Romantik gedréint hunn.

Marvel Comics[änneren | Quelltext änneren]

1961 huet Atlas säin Numm schlussendlech op Marvel Comics geännert. Mam Wiessel vum Numm koum et och zu engem Ëmdenken an der Strategie: De Goodman huet déi jonk Stan Lee an Jack Kirby engagéiert, fir Superhelden-Projeten auszeschaffen, nom Virbild vum Konkurrent DC-Comics, deen domat een Opschwong erlieft hat. De Comic huet domat generell erëm e Renouveau erlieft a gouf erëm méi beléift. Deen éischten neie Comic war am selwechte Joer dunn déi "Fantastesch Véier" (The Fantastic Four), mat engem neie Genre vu Superhelden: Si ware keng iwwermënschlech Personnagë méi, mee einfach Leit, déi eeben am Besetz vun enger Superkraaft waren.

Aktuell Situatioun[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 21. Joerhonnert koum et no an no erëm zu engem Opschwong bei Marvel Comics. Mat doru bedeelegt war och, dass et ëmmer méi Videospiller, Spillsaachen oder aner Artikel um Marché gouf, déi Figure vun der Comicwelt duergestallt hunn. 2001 huet Marvel Comics de Comic Code opginn, a sech intern selwer Richtlinnen an en eegene Verhalenskodex ginn.

Den 31. Juli 2009 huet d'Walt Disney Company d'Firma Marvel Entertainment fir 4 Milliarden Dollar komplett opkaaft. Domat goungen nieft Marvel Animation, Marvel Television a Marvel Studios och d'Spart vun de Comics an hire Besëtz iwwer. Walt Disney huet domat och d'Rechter fir Filmer iwwer d'Figuren aus de Marvel Comics ze produzéieren, a konkurréiert domat haaptsächlech mat Warner Bros, déi d'Rechter op de Figure vun DC Comics hunn.

2017 louch den Undeel um Maart vun de Comic-Hefter bei knapps 38 Prozent fir Marvel Comics, par Rapport zu 33 Prozent fir den Haaptkonkurrent DC-Comics.

Bekannt Comicfiguren[änneren | Quelltext änneren]

Fantastic Four[änneren | Quelltext änneren]

The Fantastic Four, déi "Fantastesch Véier", goufen am November 1961 vum Stan Lee a sengem Co-Auteur an Zeechner Jack Kirby erfonnt. Dëst war deen éischten neie Comic zanter der Ëmbenennung op Marvel Comics. Gläichzäiteg goung et och drëms, nees Superhelden no vir ze bréngen, par Rapport zu de Jore virdrun wou d'Comicken haaptsächlech ëm aner Theeme goungen. Den Usaz war bei dëse Superhelden och een anere wéi deen an den 1940er Joren, wei zum Beispill Superman oder Captain America, déi iwwermënschlech Kreature waren: Déi Leit ware privat nämlech ganz normal Leit, déi éischter zoufälleg oder wéinst Accidenter eng zweet Identitéit, an domat och Superkräften, kruten.

D'Team vun de "Fantastesche Véier" besteet aus dem Mr. Fanatstic ("Mr. Fantastesch"), The Thing ("D'Déngen"), The Invisible Woman ("Déi Onsiichtbar Fra") an der Human Torch (D'mënschlech Fakel). Hir véier Superkräften entspriechen de Véier Elementer: De Mr. Fantastic mat sengem bal flësseg deenbare Kierper dem Waasser, The Thing, bedéngt duerch seng stengen Haut der Äerd, déi brennend mënschlech Fakel dem Feier, an déi duerchsichteg Invisible Woman der Loft.

Si kämpfen zesumme géint hir Géigner, wéi den Despot Dr. Doom oder The Mole ("de Maulef"), den Herrscher vun engem ënnerierdesche Räich.

Spider-Man[änneren | Quelltext änneren]

De Spider-Man gouf vum Stan Lee an Steve Ditko erfonnt. Virun allem an Europa ass hien dee bis ewell erfollegräichste Comic-Personnage vu Marvel Comics. Säin Debut war 1961. De Spiderman ass en normale Jugendlechen, de Peter Parker, deen als Weesekand vu senger Tatta opgezillt gëtt an net grad dee beléiftsten a senger Schoul ass. Duerch de Bass vun enger radioaktiver Spann kritt hien där hir Superkräften: Hie kann Maueren eropkloteren, Spawecks-Fiedem erausschéissen, asw. Zanterhier bekämpft en dat Béist a sengem blo-roude Spiderman-Kostüm.

Iron Man[änneren | Quelltext änneren]

Den Iron Man gouf 1963 vum Jack Kirby a Stan lee, souwéi och nach dem Larry Lieber an Don Heck, erfonnt. 1968 krut hie seng eege Comicsrei. Dobäi geet et ëm de Multimilliardär Tony Stark, deem e Rëschtungskonzern gehéiert. Nodeems hien am Nordvietnam gefaange gëtt, entwéckelt hie mat Hëllef vu Physiker eng Zort eise Rëschtung mat héichtechnologesche Fäegkeeten, mat där e sech dem Kampf géint déi kommunistesch Géigner, korrupt Gesellschaften oder och Terrororganisatioune verschreift.

Hulk[änneren | Quelltext änneren]

Den Hulk gouf am Joer 1962 vum Lee a vum Kirby erfonnt. Haaptpersonnage ass den Nuklearphysiker Bruce Banner, dee sech zum Hulk verwandelt, engem gréngen an immens staarke Monster. No engem Aarbechtsaccident am Labo koum hie mat Gammastralung a Kontakt. Déi huet dozou gefouert, dass de Banner allkéiers, wann e rosen, nervös oder excitéiert gëtt, zum Hulk mutéiert. An deem Zoustand ass hie resistent géint all Zort vun Hëtzt, Keelt oder geféierlech Gasen. Inhaltlech geet et haaptsächlech ëm d'Rivalitéit tëscht dem Hulk an dem Generol Ross, deen den Hulk fänke wëll fir en am Déngscht vun der US-Arméi anzesetzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marvel Comics – Biller, Videoen oder Audiodateien