Op den Inhalt sprangen

Mascaron

Vu Wikipedia
Fayence-Mascaron aus dem 17. Joerhonnert
Andreas Schlüter: Kopf eines sterbenden Kriegers als Maskaron um Zeughaus Berlin
E Mascaron iwwert der Dier vum Klackentuerm vun der Kierch Santa Maria Formosa zu Venedeg.

E Mascaron ass eng Dekoratioun a Form vun engem Gesiicht, déi als Hallefplastik oder Hallefrelief ausgefouert ass, an déi ee meeschtens un an a Gebaier fënnt.

A méi klenger Form gëtt et der och op Miwwelen, Behälteren, Waffen, asw. Ursprénglech weist e Mascaron en ellent, groteskt verzunnent Gesiicht, vun engem Fabelwiesen oder enger Gottheet, dat Angscht soll maachen. En huet (am Géigesaz z. B. zu enger Gargull), eng reng dekorativ Funktioun.

Et fënnt een der als Kappsteen vu Béi iwwer Dieren, Paarten oder Fënsteren, oder bannenan als Raumdekoratioun. Heiansdo stelle s'och eng Allegorie duer.

Am spéiden 19. Joerhonnert goufen d'Mascaronen als Dekoratiounsobjeten op Fassaden erëmentdeckt a gär benotzt.

 Commons: Mascaronen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  • Fiche am Großes Kunstlexikon, P. W. Hartmann.