Op den Inhalt sprangen

Māšā'allāh Ibn-Aṯarī

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Masha'allah ibn Athari)
Māšā'allāh Ibn-Aṯarī
Frontispiz vum De scientia mutus orbis 1504 (Stéch vum Albrecht Dürer).
Gebuer ca. 740
Gestuerwen 815 jul.
Bagdad
Aktivitéit Astrolog, Astronom, Mathematiker

De Māšā'allāh Ibn-Aṯarī, gebuer virun 762, a gestuerwen ëm 815, war e jiddeschen Astronom an Astrolog.

Liewen a Wierken

[änneren | Quelltext änneren]

De Māšā'allāh (de jiddeschen Numm war Manasse) huet am Räich vun den Abbasiden an der Stad Basra am haitegen Irak gelieft a geschafft.

Seng genee Liewensdate sinn net bekannt. Hien hat bei den astrologeschen Ënnersich iwwer de Grënnungsdatum vun der neier Räichshaaptstad Bagdad den 30. Juli 762 matgeschafft.[1] Horoskoper a senge Wierker datéieren tëscht 762 an 809. Zurzäit vum Al-Maʾmūn, deen 813 Kalif gouf, soll hien nom Ibn an-Nadīm nach gelieft hunn. Et gëtt ugeholl, datt en am Joer 815 gestuerwen ass.

A sengen astrologesche Wierker hat hien och Konzepter vu griichescher Astrologie, Astronomie a Philosophie opgeholl, wéi och sassanidesch an indesch astrologesch Quelle beaarbecht. Seng Wierker goufen am islamesche Raum als autoritativ ugesinn a goufen och op Latäin iwwersat.

De Moundkrater Messala ass no him genannt.

Eng Lëscht mat arabeschen Titele vu senge Wierker.[2] Follgend Titele gi genannt:

  • Kitā al-mawālid al-kabir („Grousst Buch vun den Nativitéite“)
  • Fi al-qirānāt wa ’l-adyān wa ’l-milal („Iwwer Konjunktiounen, Natiounen a Reliounen“)
  • Kitāb matrah al-shu’ā’ („Buch iwwer d'Projektioun vu Stralen“)
  • Kitāb al-ma’ānī („Buch vun den Definitiounen“)
  • Kitāb sana‘at al-asturlāb wa ’l-‘amal bihā (Buch iwwer Konstruktioun a Gebrauch vum Astrolabium)
  • Kitāb dhāt al-halaq („Buch iwwer d'Armillarsphär“)
  • Kitā al-amtār wa ’l-riyāh („Buch iwwer Reen a Wand“)
  • Kitaāb alsahmayn („Buch iwwer zwéi Schicksale“)
  • Kitāb al-ma’rūf bi’ wa’ l-’shrīn („Buch bekannt als d'27“)
  • Kitāb al-̣hurūf („Iwwer Buschtawen“)
  • Kitāb al-suḷtān („Iwwer Regierung“)
  • Kitāb al-safar („Iwwer Reesen“)
  • Kitāb al-as'ār („Iwwer Präisser“)
  • Kitāb al-mawālid („Iwwer Nativitéiten“)
  • Kitāb tạhwīl sinī al-mawālīd („Iwwer d'Joresleef vun den Nativitéiten“)
  • Kitāb al-duwal wa ’l-milal („Iwwer Dynastie a Religioune“)
  • Kitaāb al-̣hukm ‘alā ’l-ijtimā’āt wa ’l-istiqbālāt („Iwwer Bewäertunge entspriechend vu Konjunktioune an Oppositioune [der Sonn an dem Mound]“)
  • Al-Kitāb al-murdī („Dat erfreelecht Buch“)
  • Kitāb al-şuwar wa ’l-̣hukm ’alāyhā („Iwwer Konstellatioune an hir Bewäertunge“)

Iwwersetzungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • De revolutionibus annorum mundi (Iwwersetzung vun engem verluerenem Wierk[3])
  • Epistola de rebus eclipsium oder De ratione circuli et stellarum (Iwwersetzung vum Johannes Hispalensis[3]; hebräesch Iwwersetzung vum Abraham ibn Esra vun 1148[4]
  • Super significationibus planetarum in nativitate (Übersetzung von Johannes Hispalensis[5])
  • De septem planetis
  • De receptione (Übersetzung von Johannes Hispalensis[3])
  • De scientia motus orbis oder De elementis et orbibus coelestibus (Übersetzung von Gerhard von Cremona[6])
  • De electionibus (zweifelhafte Zuschreibung)

Déi follgend Iwwersetzunge gi warscheinlech op Deeler vum Kitāb al-ma’rūf bi’ wa’ l-’shrīn („Buch bekannt als d'27“) zeréck:

  • De cogitationibus oder De interrogationibus
  • De occultis
  • Liber iudiciorum
  • De interpretationibus
  • Works of Sahl and Masha'allah. Übersetzung von Benjamin Dykes. Cazimi Press, Golden Valley, MN, 2008.
  • Masha'allah: On Reception. Übersetzung von Robert Hand. ARHAT Publications, Reston, VA, 1998.
  • David Pingree: Māshā’ Allāh. In: Complete Dictionary of Scientific Biography. Bd. 9. Charles Scribner's Sons, Detroit 2008, S. 159-162.
  • J. Samsó: Māshāʾ Allāh. In: Encyclopaedia of Islam, 2. Aufl. 2012, s. v.
  • F. J. Carmody: Arabic Astronomical and Astrological Sciences in Latin Translation. Berkeley-Los Angeles 1956, S. 23–38.
  • Lynn Thorndike: The Latin Translations of Astrological Works by Messahala. In: Osiris, 12 (1956), S. 49–72.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Journal of Near Eastern Studies, Bd. 29 (1970), S. 104
  2. G. Flügel, ed. Leipzig 1871, S. 273–274
  3. 1 2 3 Gedruckt von Bonetus Locatellus, Venedig 1493, 1519 und I. Heller, Nürnberg 1549
  4. Englische Übersetzung von B. Goldstein: The Book on Eclipses of Masha’allah. In: Physis 6 (1964), S. 205–213
  5. Druck von I. Heller, Nürnberg 1549
  6. Drucke I. Stabius, Nürnberg 1504 und I. Heller, Nürnberg 1549

Portal Astronomie