Mathias Hartz

Vu Wikipedia
Mathias Hartz
Gebuer 28. Dezember 1649
Iechternach
Gestuerwen 9. August 1728
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Mathias Hartz, den 28. Dezember 1649 zu Iechternach gebuer[1] a gestuerwen den 9. August 1728 [2] an der Stad Lëtzebuerg, war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an den 69. Abt vun der Iechternacher Abtei (1717-1728).

De Mathias Hartz ass 1673 an d'Klouschter vun Iechternach agetrueden. 1674 war seng Profess a 1676 seng Priisterwei.[3] Subprior zënter 1680, gouf hie 1717 Abt vun der Iechternacher Abtei als Nofollger vum Abt Benedikt Zender. Ënner dem Abt Hartz ass 1727 mat dem Neibau vun der Abtei ugefaange ginn, dee säin Nofollger, den Abt Grégoire Schouppe, zu Enn gefouert huet.

Zu Iechternach ass eng Strooss no him genannt: "rue Mathias Hartz".[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. (69. Abt: Mathias Hartz, 1717–1728: S. 95-98).
  • Probst, Ed., 1951. Elections abbatiales à St-Willibrord d'Echternach au temps de Louis XIV. Die Warte 1951-05-09, Nr. 19, p. 10-11. PDF
  • Spang, Paul, 1983. Echternach: Geschichte einer Stadt. Luxemburg, RTL Edition, 125 S. (Mathias Hartz: S. 58-59).
  • Sprunck, Alphonse, 1950. Die Wahl des Echternacher Abtes Mathias Hartz im Jahre 1717. Die Warte 1950-05-31, Nr. 22, S. 13. PDF
  • Sprunck, Alphonse, 1954. Philippe de la Neuveforge, abbé d'Echternach, 1621-1684, d'après le chroniqueur Philippe Becker. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 6, p. 300-316. BnL

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Seng Eltere waren den Heylem (Wilhelm) Hartz an d'Helena Diederich (Luxroots; Paroisse d'Echternach, Registre paroissial, Baptêmes 1638-1676, page 38: Matthias[sic] [Hartz]; cf. Sprunck 1954, S. 306 (fils de Guillaume [Hartz] et d'Hélène Dedrich [sic]).
  2. Brimmeyr 1921, S. 98; Luxemburger Wort 1944; cf. François Lascombes (1988), Chronik der Stadt Luxemburg: 1684-1795, S. 223. — De P. Spang (1983, S. 59) gëtt 1727 als Stierfjoer un.
  3. Sprunck 1954, S. 306.
  4. Règlement de circulation de la Ville d'Echternach du 14 décembre 2020, p. 129.