Op den Inhalt sprangen

Jean-Mathias Neumann-Wurth

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mathias Neumann)
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Mathias Neumann-Wurth
Gebuer 27. Dezember 1801
Eschduerf
Gestuerwen 31. August 1861
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Politiker
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

De Jean-Mathias Neumann(-Wurth), gebuer de 27. Dezember 1801 zu Eschduerf[1], a gestuerwen den 31. August 1861[2] an der Stad Lëtzebuerg[1][3], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.

Hie war dar zweet vu véier Kanner vum Nicolas Neumann a vun der Anne-Marie Thilmany, enger Bauerekoppel vun Eschduerf. Nomm Stater Kolléisch goung hien op d'Universitéit vu Léck Medezin studéieren a krut do de 24. Juli 1826 säin Doktoratsdiplom. 1832 krut hien d'Erlabnes, als Dokter ze praktizéieren an en huet sech zu Wolz etabléiert. Do gouf hie Mëmber vum Wëlzer Gemengerot. Vum 7. Juni 1842 bis den 1. Mee 1845 war hie Vertrieder an der Assemblée des Etats, a vum 3. Juni 1845 bis den 29. Mäerz 1848 Deputéierten an der Chamber.[4]

1846 ass hien an d'Stad Lëtzebuerg geplënnert. 1848 war hie Matgrënnner vum Luxemburger Wort.

Hie war mat der Caroline Würth (1823-1901) bestuet.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 De Johann Mathias Neumann op www.luxracines.lu
  2. (de) Luxemburger Geschichtskalender.. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 2. Luxemburger Wort (31.08.1895). Gekuckt de 07.03.2026.
  3. (en) Johann Mathias Neumann (1801-1861) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (27.12.1801). Gekuckt den 09.03.2026.
  4. 1 2 Pioniere im Dienste der Kirche und der Katholiken Luxemburgs: Jean-Philippe-Christophe Würth. In: Luxemburger Wort, 131. Jg., n° 68 (23.03.1978), p. 28 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]