Op den Inhalt sprangen

Mathias Weistroffer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mathias Weistroffer
Gestuerwen 15. Mäerz 1933
Jean-Mathias-Haff
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bauer

De Mathias Weistroffer, gebuer ..., a gestuerwen de 15. Mäerz 1933 um Jean-Mathias-Haff am Alter vun 62 Joer[1], war e lëtzebuergesche Bauer.

Seng Famill koum aus dem Saarland. Enn des 19. Joerhonnert huet hien de Jeanmathiashaff op der Kockelscheier iwwerholl.

Seng Kanner a Kandskanner hunn den Haff weidergefouert, bis en uganks vun den 1960er Joren un en hollännesche Bauer verpacht gouf. Am Laf vun de Joren dono gouf op de Lännereien dovun e Wunnquartier gebaut.[2]

Op der Kockelscheier erënnert eng Strooss un de fréiere Proprietär vum Haff[3].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Doudesannonce vum Mathias Weistroffer. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 13. Luxemburger Wort (17.03.1933). Gekuckt den 10.12.2025.
  2. Aline Grün. rues-au-feminin.lu (nogekuckt:10.12.2024).
  3. (fr) Kockelscheuer : Rue Mathias Weistroffer. map.geoportail.lu. Gekuckt den 10.12.2025.