Maurice Molitor

Vu Wikipedia
Maurice Molitor
De Maurice Molitor (l.) an de Jim um dok show-Canapé
Gebuer 27. Oktober 1967
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

De Maurice Molitor, gebuer de 27. Oktober 1967 ass e Lëtzebuerger Journalist a fréieren Televisiouns-Presentateur.

No senger Première 1986 am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht an engem Journalismus-Studium zu Dortmund huet hien 1991, zesumme mat der Sandy Lahure, mat just 24 Joer, déi nei gegrënnt Noriichten-Emissioun vun RTL Hei Elei, déi vun do un all Dag owes gelaf ass, moderéiert. 1997 gouf hien hire Chefredakter.

Enn 2001 ass de Maurice Molitor bei déi nei gegrënnt Chamber TV gewiesselt, an 2003 huet hie mat .dok - Den Oppene Kanal - op d'Bee gesat, deem säin Administrateur délégué hien ass.

Enn 2017 gouf hie Redakter bei Radio 100,7.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Maurice Molitor no RTL a Chamber-TV elo Radio 100,7." rtl.lu, 25.09.2017, 17:48:20.