Maurice Thoss
| Maurice Thoss | |
|---|---|
| Gebuer | 19. Juli 1939 |
| Gestuerwen | 9. November 2003 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | LSAP |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Representant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot |
|
| |
De Maurice Thoss, gebuer den 19. Juli 1939, a gestuerwen den 9. November 2003, war e lëtzebuergesche Politiker.
De Maurice Thoss huet zu Genf Politikwëssenschaften a fir Iwwersetzer studéiert. 1966 huet hien ugefaangen, fir d'Chamberfractioun vun der LSAP ze schaffen. 1974 gouf e Staatssekretär am Ministère fir Aarbecht a Sozialversécherung, am Ministère fir Familljen, Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit an der Regierung Thorn-Vouel-Berg.
1979 gouf en an d'Chamber gewielt a war do bis 1989 Deputéierten. Hie war och Member vun de Parlamentareschen Assembléeë vum Europarot, der UEO an dem Benelux.
Hie war och Gemengerot zu Esch-Uelzecht[Wéini?].
1989 bis 1995 war de Maurice Thoss Member vum Europäesche Rechnungshaff.
De Maurice Thoss huet gär Schach gespillt a war vun 1977 bis 1987 President vun der Fédération luxembourgeoise des échecs.
