Max-Planck-Institut fir Astronomie

Vu Wikipedia
D'Max-Planck-Institut fir Astronomie

D'Max-Planck-Institut fir Astronomie (MPIA) ass eng ausseruniversitäresch Fuerschungsariichtung ënner der Leedung vun der Max-Planck-Gesellschaft (MPG) an huet säi Sëtz zu Heidelberg um „Königstuhl“. D'Institut bedreift an éischter Linn Grondlagefuerschung am Fach vun de Naturwëssenschaften um Gebitt vun der Astronomie.

Nieft eegenen astronomeschen Observatiounen an astronomescher Fuerschung ass d'Institut och aktiv an der Entwécklung vun Observatiounsinstrumenter bedeelegt. An eegenen Ateliere ginn Instrumenter oder Deeler dovun hiergestallt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënnung vum Institut am Joer 1967 huet op der Usiicht baséiert, datt en iwwerregionaalt, mat leeschtungsfäegen Teleskopen ekipéiert Institut erfuerderlech wier, fir international konkurrenzfäeg astronomesch Fuerschung bedreiwen ze kënnen. Grënnungsdirekter gouf 1968 den Astronom Hans Elsässer. 1975 war d'Institut fäerdeggestallt.

Zesumme mat spuenesche Kolleegen huet den MPIA an de Joren 1973 bis 1984 den Opbau vum Calar-Alto-Observatoire um Calar Alto bei Almería bedriwwen. Dëse gréissten Observatoire um europäesche Festland gëtt haut vun Astronomen aus béide Länner benotzt.

Zanter 2005 bedreift den MPIA zesumme mat Partner aus Däitschland, Italien an den USA de Large Binocular Telescope (LBT) a seng Moossinstrumenter. Den LBT steet um 3190 m héije Mount Graham bei Tucson am Arizona. Op senger Montéierung sinn zwéin Haaptspigele mat jee 8,4 Meter Duerchmiesser an et ass domat de gréissten Eenzelteleskop vun der Welt. Wärend dem Bau vum Teleskop, goufe schonn zanter Mëtt 2007 wëssenschaftlech Observatioune mat der éischter Generatioun vun Instrumenter gemaach.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Zwou wëssenschaftlech Froe gi beim MPIA virrangeg behandelt. Eemol geet et ëm d'Genesis an d'Entwécklung vu Stären a Planéiten an eiser kosmescher Noperschaft. Dobäi schwéngt d'Fro mat: Ass d'Sonn mat hirem beliefte Planéit Äerd eemoleg, oder gëtt et och an der Ëmgéigend vun anere Stären, liewensfrëndlech Bedingungen? Zum anere geet et am Beräich Galaxien a Kosmologie ëm d'Versteesdemech vun der Entwécklung vum haitegen, räich strukturéierten Universum, mat senge Galaxien a Stären an ëm seng Genesis aus dem einfachen Ufangszoustand nom Urknall.

D'Fuerschungsthemen am Iwwerbléck:

Zesumme mat dem Zentrum für Astronomie der Universität Heidelberg an der Sektioun Astro- an Deelchenphysik vum MPI fir Kärphysik mécht d'MPIA zu Heidelberg e weltwäite Schwéierpunkt vun der astronomescher Fuerschung.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Vum MPIA goufen a ginn Instrumenter oder Deeler fir en ettlech buedemgebonnen Observatoiren a Fuerschungssatellite gebaut.

Weider ass d'MPIA bei der Virbereedung vun der Gaia-Missioun bedeelegt. De Gaia ass eng geplangt Weltraum-Missioun vun der europäescher Weltraumorganisatioun, bei där genee Positiounen, Distanzen a Vitesse vu ronn enger Milliard Stären an der Mëllechstrooss bestëmmt solle ginn.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

De geschäftsféierenden Direkter ass de Prof. Dr. Thomas Henning.

Enn 2006 hunn 205 Mataarbechter am Institut geschafft, dorënner 40 Wëssenschaftler an 48 Nowueswëssenschaftler; dozou kommen am Berichtsjoer 27 Drëttmëttelbeschäftegter a 5 Gaaschtwëssenschaftler.

Ëffentlechkeetsaarbecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Institut ass Redaktiounssëtz vun der allgemengverständlecher Zäitschrëft Sterne und Weltraum, déi 1962 ënner anerem vum spéideren MPI-Grënnungsdirekter, Hans Elsässer, an d'Liewe geruff gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie