Max-Planck-Institut fir extraterrestresch Physik

Vu Wikipedia

D'Max-Planck-Institut fir extraterrestresch Physik (MPE ofgekierzt) gouf 1963 als Deelinstitut vum Max-Planck-Institut fir Physik an Astrophysik zu München gegrënnt. 1991 gouf et en eegestännegt Institut. Et befaasst sech virun allem mat satellittegestëtzten astronomeschen Observatioune vun Infrarout-, Röntgen- a Gammastralung, souwéi mat In-situ-Miessunge vu stoussfräie Plasmen am äerdnoe Weltraum. Et ass en Institut vun der Max-Planck-Gesellschaft an ass zu Garching bei München.

D'Direkteren an Aarbechtsberäicher:

  • Ralf Bender, Extragalaktesch Astronomie, Optesch an Interpretativ Astronomie, Physik vum äerdnoe Weltraum
  • Reinhard Genzel, Infrarout- a Submillimeter-Astronomie
  • Gregor Morfill, Theorie a komplex Plasmen
  • Kirpal Nandra, Röntgen- a Gammastralen-Astronomie, Hallefleederlaboratoire

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]