Op den Inhalt sprangen

Maximilian Gold

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Max Gold)
Maximilian Gold
Gebuer 22. November 1900
Wien
Gestuerwen 27. November 1961
Teheran
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer

De Maximilian ("Max") Gold, gebuer den 22. November 1900 zu Wien, a gestuerwen de 27. November 1961 zu Teheran, war en éisträichesche Foussball-Nationalspiller an -trainer.

Hien huet seng Foussballskarriär als Verteideger beim Wiener AF ugefaangen, fir deen e vum Enn vum Éischte Weltkrich u Championnater matgespillt huet a vun 1919/20 un zum Kader gehéiert huet. 1922 huet hien och eng éischt Kéier zweemol fir déi éisträichesch Foussballnationalekipp gespillt.

Um Enn vun der Saison ass hie bei den SC Hakoah Wien gewiesselt, mat engem klengen Tëschespill, 1924, beim Makkabi Tallinn an Estland. Mam SC Hakoah gouf en 1925 éisträichesche Champion. Um Enn vun der Saison huet hien nees e puer Méint am Baltikum, dës Kéier als Trainer vum litauesche Makkabi Kaunas, geschafft.1926 ass Hakoah op eng Tournée an Amerika gaangen, woubäi en etlech Spiller do bliwwe sinn. Bei der zweeter Amerika-Tournee 1927 huet och hien eng Offer vun den New York Giants ugeholl, fir déi en ee Joer laang gespillt huet. Fir d'Saison 1928/29 an Éisträich war hien zeréck, dës Kéier fir de Wiener AC. No e puer Matcher am Hierscht 1929 fir den Hakoah ass hien dono nees op New York gaangen, fir fir d'Hakoah All-Stars ze spillen.

No enger Verletzung um Enkel war et eriwwer mat senger Karriär als Spiller. An de fréien 1930 Jore war hien de Proprietär a Manager vu Maccabi Chicago. Méi spéit gouf hien Trainer fir déi litauesch Foussballnationalekipp a fir Bar Kochba Kaunas.

Emigratioun a Flucht

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Anschluss vun Éisträich un dat Däitscht Räich ass hie mat senger Fra Kreine Presyte op Lëtzebuerg geflücht. Hie gouf do Trainer vun der Jeunesse Esch. Am Summer 1939 gouf säi Kontrakt net verlängert, an hie gouf Trainer beim FC Mansfeldia Clausen.

Nom däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, am Mee 1940, huet sech seng Situatioun verschlechtert: Wéinst den Nürnberger Gesetzer, déi am September 1940 agefouert goufen, huet hien, wéinst senge jiddeschen Originnen, net méi dierfe schaffen. Zudeem hat d'Koppel am Summer e Kand kritt. Tëscht dem 4. September an 11. Oktober 1941 gouf hie fir de Bau vun der Autobunn A1 bei Greimerath an der Äifel zu schwéierer Zwangsaarbecht gezwongen.[1]

Nees zu Lëtzebuerg, krut en de 17. November 1941 den Uerder vun der Gestapo, "zur Konzentrierung aller Juden", mat senger Famill op der Pafemillen (Cinqfontaines) internéiert ze ginn. Si hätte sollen de 24. Juli 1942 op Izbica deportéiert ginn. Mat Hëllef vu Lëtzebuerger Resistenzler konnte si awer knapps virdrun iwwer d'Grenz an d'Belsch entwutschen. Seng Schwéiesch Elka Presyte, déi zanter 1939 bei der Famill zu Lëtzebuerg gelieft hat, hat déi Chance net, si war scho mat engem méi fréien Transport an d'Ghetto Litzmannstadt verschleeft ginn, wou si 16 Méint drop un Typhus gestuerwen ass. Bis zur Befreiung vun der Belsch duerch d'US-Arméi huet de Max Gold mat Fra a Kand zu Ixelles / Elsene bei Bréissel, am Ënnergrond, iwwerlieft[2][3]

Dono koum de Max Gold, well en uginn hat hie wier Däitschen, fir zwéi Méint an de Prisong, zesumme mat den arrêtéierten Nazien.[1] Wéi déi Saach gekläert war, an hien entlooss gouf, huet d'Famill missen d'Belsch verloossen, an ugefrot, nees op Lëtzebuerg zeréckzekommen. Ma och dat gouf hir vun der Friemepolizei refuséiert. Si sinn trotzdeem den 30. Juni 1945 an d'Stad komm, wou se am Oktober 1945 den Uerder kruten, d'Land ze verloossen. Hir Demande, e Pass fir an Éisträich ze kréien, ass och ouni Succès bliwwen. Vu Juni 1946 u krut de Max Gold zwar e Kontrakt als Trainer beim Rapid Neiduerf, d'Famill gouf awer schonn am September dat Joer no Éisträich expulséiert.[1]

Do konnt de Max Gold sech nees eng Existenz als Sport-Manager an Trainer zu Wien opbauen.

Hien ass 1961 zu Teheran, wou en als Manager vum FC Malmö ënnerwee war, ënner net gekläerten Ëmstänn gestuerwen, wéi en an e Liftschacht gefall ass, wéi eng Liftdier opgoung ouni dass eng Kabinn do war.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Yann Duarte: "Der vergessene Jeunesse-Trainer: Als Max Gold ins Visier des NS-Regimes gerät." wort.lu [w+], 03.12.2025.
  2. hagalil.com: „Vor 75 Jahren wurden jüdische Zwangsarbeiter aus Luxemburg deportiert.“ 21. Juli 2016
  3. Max GOLD (1900-1961), Kreine PRESYTE (1909-?), Elka PRESYTE (1914-1943), Erika GOLD (1940-?) memoshoah.lu. (nogekuckt: 07.12.2025.