Max Hahn
De Max Hahn, gebuer den 30. Abrëll 1981[1], ass e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker (DP). Hien ass Schäffe vun der Gemeng Dippech an zanter dem 5. Dezember 2013 Deputéierten an der Chamber.
Biographie[änneren | Quelltext änneren]
De Max Hahn ass zu Betteng op der Mess opgewuess an ass zu Schuller an d'Primärschoul gaangen. No sengem Technikerdiplom am Lycée des arts et métiers huet hie fir Elektroingenieur op der Universitéit Lëtzebuerg studéiert. Hien huet säi Studium als beschte vun 200 Studenten ofgeschloss.[Source?]
Zanter 2005 ass hien an der DP aktiv.
Zanter de Gemengewale vun 2005 ass hien am Gemengerot vun der Gemeng Dippech, an am Januar 2009 war hien eng Woch laang zweete Schäffen[2], mä schonn d'Woch drop huet déi éischt Schäffin Gaby Schaul der DP de Réck gekéiert, déi sou d'Majoritéit verluer huet, an hie koum nees op Konzelljeesbänk.[3],[4]
Zanter de Gemengewalen 2011 ass hien erëm Schäffe vun der Gemeng Dippech.
Vum Abrëll 2010 bis Mäerz 2014 war de Max Hahn President vun der JDL.
No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 5. Dezember 2013 an d'Chamber "nogerëtscht" an d'Plaz vum Claude Meisch, dee Minister gouf.[5] Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt.[6]
Den 28.November 2015 gouf hien zum Éischte Vizepresident vun der Demokratescher Partei gewielt.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ fiche op chd.lu.
- ↑ An der Koalitioun LSAP-DP war virgesinn datt d'LSAP déi éischt dräi Joer sollt den Zweete Schäffe stellen, an d'DP déi lescht dräi Joer
- ↑ wort.lu: "Schöffe für ein Wochenende" vereidigt
- ↑ dippach.lu
- ↑ Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
- ↑ elections.lu.