Maximäin vun Tréier

Vu Wikipedia

Den hellege Maximäin, gebuer um Enn vum 3. Joerhonnert zu Silly, a gestuerwen den 12. September 346 zu Poitiers, gouf 329 Bëschof vun Tréier.

Virgänger am Amt war den hellegen Agritius. Hie war e Géigner vum Arianismus an huet sengem Frënd a Matstreider Athanasius vun 335 bis 337 Asyl zu Tréier ugebueden.

De Maximäin ass 346 um Wee vu Konstantinopel op Poitiers gestuerwen. Säin Nofollger Paulinus huet den 29. Mee 353 seng stierflech Iwwerreschter op Tréier iwwerfouert. Duerfir ass den 29. Mee och säin Namensdag. Bei sengem Graf gouf am 6. Joerhonnert eng Benediktinerabtei gegrënnt (déi spéider Räichsabtei St. Maximin). D'Kierch St. Johannes gouf méi spéit a St. Maximin ëmgenannt.

Hie gëllt als Patréiner fir d'Gefore vum Mier, Reen a Mäineed. Hie gouf virun allem an der Géigend vun Tréier, och am Raum vum haitege Lëtzebuerg, an am Elsass veréiert. Hie gëtt dacks mat engem Bier representéiert, well der Legend no e Bier säin Iesel doutgemaach hat an deen als Strof seng Laascht op Roum huet missen droen.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.A. Massard & G. Geimer: Auf den Spuren des Braunbären diesseits und jenseits der Sauer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm, Bitburg 2009: 95-102 (cf. Kapitel: St. Maximin und der Bär).[1]