McDonald Observatoire
|
| |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Bedreiwer | University of Texas |
| MPC-Code | 711 |
| Opgaangen | 1933 |
| Websäit | https://mcdonaldobservatory.org/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Regioun/Gemeng | Fort Davis |
| Koordinaten | 30°40'17,0"N, 104°1'19,2"W |
| Héicht | 2.077 m |
|
| |

De McDonald Observatoire steet an enger Héicht vun 2.077 Meter um Mount Locke, no bei der Stad Fort Davis an den „Davis Mountains“ vun Texas, USA. Den Terrain ass am Besëtz vun der University of Texas at Austin a gëtt gréisstendeels vun der Universitéit finanzéiert, zu engem klengen Deel mam Loyer vun der Observatiounszäit vun den Teleskopen. Den Observatoire ass mat enger Zuel vun Instrumenter fir optesch Biller a Spektroskopie gëeegent. En huet och déi éischt Laser-Mound-Distanzmiessungsariichtung. McDonald schafft, obschonn et verwaltungstechnesch separat ass, mat der Astronomie-Sektioun vun der Universitéit vun Texas zu Austin zesummen.
D'Fuerschungsberäicher am McDonald Observatoire decke vill Theemen a Projete wéi beispillsweis Planéitesystemer, Stär- a Sonnespektroskopie, interstellare Raum, extraglaktesch Phenomeener an theoreetesch Astronomie of.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De McDonald-Observatoire ass eng Stëftung vum texanesche Banquier William Johnson McDonald (1844–1926), deen 1,1 Milliounen Dollar (de gréissten Deel vu sengem Verméigen) der Universitéit vun Texas fir en astronomeschen Observatoire iwwerlooss huet.
Den 2,1-m-Teleskop gouf de 5. Mee 1939 ageweit. E war zu senger Zäit den zweetgréissten Teleskop vun der Welt. Bis an d'1960er Jore gouf den Observatoire vun der University of Chicago geleet, duerno huet d'University of Texas at Austin d'Leedung mam Direkter Harlan J. Smith iwwerholl.
Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]- 9,2 m – Hobby-Eberly-Teleskop
- 2,7 m – Harlan J. Smith Teleskop
- 2,1 m – Otto Struve Teleskop
- 0,8 m-Teleskop
Verschiddenes
[änneren | Quelltext änneren]- En 0,9-m-Teleskop, fréier fir d'Fuerschung benotzt, déngt haut fir d'Gäscht.
- Op dem Terrain steet ee vun zwéin 1,2-m-MONET-Teleskopen
- Ee vu véier 0,45-m-ROTSE-Teleskopen
Visitt
[änneren | Quelltext änneren]De Visiteurszentrum bitt nieft engem Café a Kaddosbuttek eng interaktiv Ausstellung. All Dag gi Sonnenobservatiounen an Toure bei déi gréisst Teleskope gemaach. Populär sinn déi owes Stärepartyen, bei deenen d'Gäscht d'Méiglechkeet hunn, e Bléck duerch déi grouss Teleskopen ze maachen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: McDonald Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
