MediaWiki
Ausgesinn
MediaWiki ass eng fräi Software fir de Contenu vu Wikien ze geréieren, déi vum Magnus Manske fir d'Wikipedia entwéckelt gouf. D'Software ass a PHP geschriwwen a koum de 25. Januar 2002 fir déi éischte Kéier an den Asaz. De 25. Januar gëtt dohier och als „Dag vum Magnus Manske“ bezeechent.
D'Software gëtt och nach vun anere Projete benotzt, dorënner Wikimedia Commons, Wikidata, Wikisource, Wikiquote, Wiktionnaire, Wikibooks, Wikivoyage an nach vill méi.
Déi aktuell MediaWiki-Versioun ass d'MediaWiki 1.42.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: MediaWiki – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Stand 2. September 2024.