Mediterrane Gaart Schwéidsbeng

Vu Wikipedia
Mediterrane Gaart Schwéidsbeng
Een Deel vum Mediterrane Gaart am Juli 2010.
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Schengen
Plaz Schwéidsbeng
Ugeluecht 1981
Fläch 19 Ar
Hënnescht Fassad vum Haus. Riets den Agank an de Gaart.

De Mediterrane Gaart Schwéidsbeng ass e botanesche Gaart zu Schwéidsbeng, deen der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt gehéiert.

Am Gaart, deen 1981 ugeluecht gouf, wuesse virun allem Planzen aus de Mëttelmiergéigenden an aus den Tropen. Zu der Proprietéit gehéieren, ausser dem Gaart selwer, en Haus an eng Scheier, an där kulturell Aktivitéiten, virun allem Ausstellunge vu Kënschtler gewise ginn. Zum Gaart gehéiert och den Zentrum fir ekologesch Gaardekultur vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur.

An der fréierer Scheier (e Neibau vun 2012) gi reegelméisseg kulturell Aktivitéiten, virun allem Ausstellungen, zesumme mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Schengen organiséiert. Dem Gaart ass den Zentrum fir ekologesche Gaardebau (Centre horticole écologique) ugeschloss

De Gaart ass iwwer d'Joer op fir de Public vum 1. Mee bis den 20. September. Responsabel fir de Gaart ass de Georges Moes.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

De Gaart gouf 1981 vum Charles Roovers an Dieter Lingener ugeluecht. D'Proprietéit besteet aus dem Gaart selwer, mat enger Fläch vun 19 Ar, engem Haus an enger Scheier. Am Gaart hu si virun allem Planzen aus de Mëttelmiergéigenden an och aus den Trope geplanzt.

Enn 2009 hunn d'Besëtzer hir Proprietéit duerch e Schenkungsakt der Stëftung Hëllef fir d'Natur iwwerreecht, dat mat dräi Oploen: d'Stëftung muss de Gaart weiderféieren an ënnerhalen; e muss fir de Public op sinn; déi fréier Besëtzer behalen e liewenslaangt Wunnrecht am Haus. Gläichzäiteg gouf e Verwaltungsrot opgestallt, deen aus deenen zwéi fréiere Besëtzer a Vertrieder vun der AAT - Garten- und Teichfreunde Luxemburgs, der Gemeng Schengen (deemools der Gemeng Welleschten), an der Stëftung Hëllef fir d'Natur besteet.

2012 gouf d'Scheier bis op e Giewel ofgerappt an duerch e Neibau ersat[1].

An der Scheier gi reegelméisseg kulturell Aktivitéiten, virun allem Ausstellungen, zesumme mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Schengen organiséiert. Dem Gaart ass den Zentrum fir ekologesche Gaardebau (Centre horticole écologique) ugeschloss, dee vun 2009 un am Kader vum LEADER-Projet Miselerland ënner der Leedung vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur realiséiert gouf.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fixmer, A., 2012. Zentrum für ökologische Gartenkultur Mediterraner garten in Schwebsingen. Einweihung am 12.10.2012. Heckefräsch 113, Dezember 2012, S. 86-89.
  • Moes, Georges, 2010. Der Mediterrane Garten und das Zentrum für ökologische Gartenkultur in Schwebsingen. Heckefräsch 107/108, S. 26-30.
  • Moes, G., 2012. Das Jahr 2012 - Zentrum für ökologische Gartenkultur und Mediterraner Garten. Heckefräsch 113, S. 90-92.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. G. Moes, Heckefräsch 2012
  2. Quell fir den Historique (Versioun vum 26. Abrëll 2012) ass den Artikel vum George Moes, 2010