Meechtem

Vu Wikipedia
Meechtem
Vue vun déi Säit der Musel.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Machtum
de: Machtum
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Wuermer
Buergermeeschter Max Hengel (CSV)
Awunner 374
  01.01.2012
Héicht 202 m
Koordinaten 49° 39’ 36’’ N
      06° 26’ 03’’ O

Meechtem ass eng Uertschaft an der Gemeng Wuermer.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Meechtem läit um lénksen Uwänner vun der Musel a laanscht d'Nationalstrooss 10. De gréissten Deel vun der Uertschaft läit op enger Héicht vu ronn 150 Meter.[1]
D'Musel bilt zu Meechtem zwou Schleefen, wat der Uertschaft eng pittoresk Note gëtt, déi de Schrëftsteller Batty Weber sou beschriwwen huet: „... dort, wo die Mosel einen Liebreiz entfaltet, der sich mit nichts vergleichen lässt“.
Vu Meechtum aus féiert de 4,5 km lange Spadséierparcours E laanscht d'Musel. An Direktioun Haangebierg kënnt ee laanscht eng Rei vun typesche Wënzerhaiser.

Nopeschuertschaften zu Lëtzebuerg si Gréiwemaacher, Nidderdonwen, Uewerdonwen, an Ohn. Op der däitscher Säit vun der Musel, läit schréi vis-à-vis Nittel a méi erof Wellen an Temmels.

Geschicht vun der Uertschaft[änneren | Quelltext änneren]

Fréigeschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Wéi bei villen Uertschaften op der Musel, ginn d'Originne vu Meechtem op de keltesche Stamm vun de Gallier zeréck. Dem Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine (Essai étymologique, PSH 1856) no, kënnt den Numm Machtum fréier Machtumb, Machten, Machtem, vum keltesche Magh-Dun, dat „befestegte Bierg am flaache Land“ bedeit.

An der réimescher Zäit féiert d'Réimerstrooss vu Bous-Lenneng-Nidderdonwen zu Meechtem an de Museldall bis op Tréier. D'Entdeckung, 1958 vu méi wéi 100 réimesche Mënzen, de réimesche Schatz vu Meechtem, bestätegt d'Presenz vun de Réimer am 4. Joerhonnert.

Mëtt vum 9. Joerhonnert si fränkesch Griewer um Meechter Flouer "Boetsch", "Treil" an "Über dem Ort" fonnt ginn. Si sinn am Fong déi éischt eenzeg sécher Spuere vun der aler Meechtemer Geschicht.

Mëttelalter an Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Vergréisserung vun der Kierch, ëm 1860, sinn Urne fonnt ginn, déi op eng al Kierch aus Holz deiten, déi scho virum Joer 1000 do stoung. Laut engem Testament, datéiert aus dem Joer 1245, vum Alexander vun Zolwer, gehéiert Meechtem der Herrschaft vun Zolwer, déi sech 1310 mat där vun Déifferdeng zesummendeet. Déi Herrschaft dauert bis 1795. Et ass net nëmme soudatt déi Meechtemer hiren Zéngt un d'Zolwer-Berburger ofliwweren, d'Meeschtesch vun Zolwer, d'Anna von Isenburg, liwwert hirersäits, an der schwéierer Hongersnout vu 1573, Meechtem eng grouss Quantitéit Weess.

De klengste Parbezierk vum Landkapitel Réimech, (Archidiakonat Tholey) Meechtem, gëtt fir d'éischt 1330, an der „Taxa Generalis“, engem Regëster vun de kierchleche Besëtzer vum Äerzbistum Tréier ernimmt. E Sigel vum Tréierer Weibëschof Johannes Enen, deen 1845 fonnt gouf, seet, datt den Héichaltor vun der Kierch, 1518 ageweit gouf.

Duerch déi allgemeng Hongersnout an Epidemië wärend dem Drëssegjärege Krich goung d'Zuel vun de Meechtemer Famille vu 17, am Joer 1635 op nëmme méi 6, am Joer 1656 erof. Duerno geet et mam Misär weider wéi 1673 a 1681 d'Duerf vum Kinnek Louis XIV. vu Frankräich senge Militärtruppen ausgeraibert an deelweis ausgebrannt gouf. Déi Meechtemer Leit ginn ettlech Wochen evakuéiert.

Meechtem war no dëser Zäit béis mat Scholdfuerderunge gehäit. Vun allen Häresäite gouf geklot: vum Här vu Klierf, - vun engem Bäcker J.-P. Kenner vun Tréier, deen de Meechtemer Geld geléint hat, - onbezuelte Rechnunge nom Doud vum Paschtouer Philip Hofman, - vun der Déifferdenger Abtei Fontaine Marie, - vun den Häre vu Lënster asw.

Vu 1766 bis 1769 huet Meechtem u Frankräich gegrenzt, well d'Nopeschuertschaft Nëttel, bis 1766 zu Loutrengen gehéiert huet, dat nom Doud vum Herzog vu Loutrengen a fréiere Kinnek vu Polen, Stanislas I. Leszczyński, den 23. Februar 1766 a Frankräich integréiert gouf. Duerch de Grenzvertrag vu Versailles, de 16. Mee 1769 tëscht der Keeserin Maria Theresia vun Éisträich an dem Kinnek Louis XV. vu Frankräich geet Nëttel un d'Herzogtum Lëtzebuerg, dat zu den habsburgeschen Nidderlanden gehéiert. Vu 1769 bis 1816 gehéieren deemno Meechtem an Nëttel geographesch zesummen. Duerch den Oochener Grenzvertrag vum 26. Juli 1816 tëscht dem Kinnekräich Preisen an dem Kinnekräich Nidderlande gëtt déi defintiv Grenz festgeluecht. Alles wat riets vun der Musel läit, geet un de Preisesche Kinnek. Duerch d'kinneklech Decisioun vum 3. Februar 1819, publizéiert am Mémorial Nummer 12 vun 1819 ginn d'Gidder vun der Gemeng Nëttel, déi op der lénkser Säit leien (haut d'Sitten Boetsch, deelweis Ongkâf a Gëllebuer) un d'Gemeng Meechtem.

Op wirtschaftlecher Säit geet aus engem Akt vu 1784 ervir, datt zwéi Meechtemer, de J.Schmalen a J.Federspiel, een Uerder krute fir Gips „von der besten Machtumer Gattung“ fir de Verbotz vum Koblenzer Kurfüstliche Palais ze liwweren. Aner Duerfleit fänken u Wäibau op eege Rechnung ze bedreiwen. An dëser Zäit gëtt de wäisse Kabes op de Felder ugeplanzt an ass eng kulinaresch Spezialitéit vum Duerf mat engem järleche Mousfest den 20. Januar um Fest vum Hellege Sebastian.

De 7. August 1794, ëm 2 Auer am Nomëtteg besetzen Franséisch Revolutiounstruppen d'Muselgebitt. Zu Meechtem gi 470 Fransousen aquartéiert. Wärend hirem Openthalt hunn déi republikanesch Zaldote sech barbaresch géintiwwer de lokale Leit beholl. E Joer méi spéit, gëtt Lëtzebuerg en Deel vum nei geschaafte franséischen Département des Forêts. D'Verdeedeger vun der Fräiheet, der Gläichheet an der Bridderlechkeet hu vum Lëtzebuerger Klerus verlaangt, en Eed op d'Franséisch Republik ze leeschten. Den deemolege Paschtouer vu Meechtem, de Jean-Pierre Schanus, verweigert dësen Eed a gëtt als un des plus cruels ennemis de la France op engem Dokument aus där Zäit opgeféiert. Et geléngt him sech ze verstoppen an hien entgeet sou der Deportatioun op d'Insel Ré.

Duerch d'Franséischt Gesetz vum 5. September 1798 gëtt d'Wehrpflicht am Département des Forêts agefouert. No franséischen Archive ginn op d'mannst 5 Meechtemer Jongen agezunn. 2 vun hinne kréien dMédaille de Sainte Hélène, déi den Napoleon III. fir all d'Zaldoten, déi 1857 nach liewen ausgëtt.

Bis d'Joer 1823 ass Meechtem eng selbstänneg Gemeng am Kanton Gréiwemaacher. De leschte Buergermeeschter war den Dominique Weydert. Vun do u gëtt et eng Sektioun vun der Gemeng Wuermer déi, déi Zäit zum Kanton Betzder gehéiert. Fir déi al Scholden ze bezuele mussen an den nächste Jore bal all Gidder, déi der Sektioun Meechtem gehéiere, verkaaft ginn.

Kierchstrooss zu Meechtem

1840 krut de Frédéric Schiltz als éischte vun der Gemeng, d'Erlabnes e Kallekuewen op der Plaz in den Kalekkaulen ze bauen. An de Joren duerno kommen där Iewen eng Rëtsch dobäi. Bis 1918 ginn hir Produiten op Schëffer fir an d'In-an Ausland gelueden. D'Aarbecht an de Kalleks-a Gipskaule war schlecht bezuelt an de Wäinhandel louch och méi oder manner um Buedem, sou datt vill Familljen an Aarmut gelieft hunn. Am Abrëll 1873, wärend Deeg laangem extreeme Frascht sind all d'Riewen an de Wéngerten erkaalt, a fir 2 Joer geschiedegt.

1870 gëtt déi aktuell „Wäistrooss“ gebaut. Bis dohi war nëmmen ee Pad fir d'Zuchpäerd vun de Schëffer laanscht d'Musel. Dëse Pad gouff Léngtpad oder Reitwee genannt.

Vun Ufank 1907 bis Enn 1908 baut den Entreprener Guill vu Gréiwemaacher déi nei Kierch.

Am Éischte Weltkrich ass Meechtem méi verschount bliwwen. Am Ufank vum Krich sinn d'Preisesch Truppe iwwer Gréiwemaacher duerch Meechtem gezunn. Am Géigesaz zu de méi groussen Uertschafte waren d'Iesswueren nëmmen deelweis knapps, well déi meescht Awunner Véi a Felder haten. Géint Enn vum Krich zéien, bis zu 2000 russesch Krichsgefaangen ënner preisescher Opsiicht, duerch de Museldall. Déi auserhéngert Russen hannerloossen och zu Meechtem zimmlech grousse Schued an de Wäibierger a Felder bei der Sich no Iessen. Nom Réckzuch vun de Preise ginn amerikanesch Zaldote fir eng kuerz Zäit am Duerf aquartéiert.

1939 sinn déi éischt däitsch Opklärungsfliger a reegelméissegen Ofstänn iwwer d'Musel geflunn. Et war gewosst, datt, déi aner Säit vu Meechtem, am Nëttelertunnel eng Kanoun opgestallt gi war. Den 10. Mee koumen déi éischt däitsch Zaldoten. Iwwer 20 Meechtemer Jonge goufen zwangsrekrutéiert, wouvun der 5 un der Front gefall sinn, een am KZ Danzig ëmkoum an een anere seng Blessen net iwwerlieft huet. De 27. September 1944, am fréie Nomëtteg kënnt den Uerder vum preisesche Befeelshaber, datt Meechtem owes komplett evakuéiert muss sinn. Een Deel vun den Awunner sinn op Ouljen a Menster gaangen, déi aner an d'Stad oder nach méi wäit. Den 12. Januar 1945 sinn d'Amerikaner a Meechtem agezunn an den 10. Mäerz koumen d'Meechtemer Leit heem. Déi meescht Haiser waren duerch Granate béiss beschiedegt.

Al Stroossennimmn[änneren | Quelltext änneren]

Sou wéi déi eeler Meechtemer se nennen:

  • Boucheneeck = rue de Donven Nr 5 bis Nr 20
  • Spatzegässel = rue de l'Ecole
  • Fiseeck = den Ufank vun der rue de l'Eglise
  • Hinett = rue des Vignes
  • Schlangewee = Am Wenzler

Wichtegst Wéngerten[änneren | Quelltext änneren]

Gellebour - Hohfels - Ongkaf - Widdem

Veräiner am Duerf[änneren | Quelltext änneren]

  • Veräins-Entente Meechtem
  • Pompjeeë Meechtem, déi de 5. Mee 1931 gegrënnt goufen
  • Chorale St. Cécile Meechtem; gegrënnt 1891 als kierchleche Männerchouer: President, Sekretär an Dirigent: Josy Modert. Organisten: Josy Modert an Octavie Modert.
  • Dëschtennis Meechtem
  • Fraen a Mammen Meechtem
  • Union des Jeunes Meechtem
Haus mat Wäikelter.

Bekannt Leit vu Meechtem[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meechtem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Topographesch Kaart vum Kadaster, Héicht beim Centre d'Intervention: 148 Meter