Mehaigne (Baach)

Vu Wikipedia
Mehaigne
D'Mehaigne hei als Millegruef vun der Mille vu Vélupont
Längt 59 km
Debit 2,5
Hydrographesche
Baseng
Meuse
Fläch vum Baseng 352 km²
Originn
Originn Quell
Plaz La Spaumerie
Saint-Denis
Héicht 178 m
Koordinaten 50° 31’ 46.79’’ N
      04° 47’ 15.16’’ O
Konfluenz
Leeft an Meuse
Plaz Wanze
Héicht 69 m
Koordinaten 50° 31’ 41.78’’ N
      05° 12’ 54.22’’ O
Geographie
Land Belsch

D'Mehaigne ass eng belsch Baach an der Hesbaye, an de Provënzen Namur a Léck.

D'Baach huet hir Quell südlech vu Saint-Denis an enger suppeger Wiss um Flouer La Spaumerie op enger Héicht vun 178 Meter.

Si leeft vun do aus no Nordosten, duerch oder laanscht Mehaigne an Noville-sur-Mehaigne bis op Tavier. Tëscht Tavier a Boneffe fiddert se zusumme mat dem Ruisseau de Bolinne d'Weiere vun der fréierer Abtei. Fréier huet se do eng Millen ugedriwwen, an hiert Waasser gouf an der Zockerfabréck vu Boneffe gebraucht.

Vun do dréint se dann no Osten an Direktioun Branchon, dann duerch eng kleng Naturreserve südlech vun Ambressin, a weider laanscht Moxhe an Avennes bis op Braives. Do ännert se hire Laf an Direktioun Süden, kënnt op Fallais, wou se d'Grief vum Schlass vu Fallais fiddert, a fréier eng Bannmillen ugedriwwen huet.

Iwwer Pitet a Fumal leeft se weider op Moha. Vun do aus leeft se bal op der ganzer Streck laanscht déi fréier Eisebunnsstreck Landen-Statte, bis op Huy fir do op enger Héicht vun 69 Meter net wäit vun der Bréck vu Ben-Ahin an d'Meuse ze lafen.

Den Dall vun der Mehaigne gehéiert zum Naturschutzgebitt Parc naturel des vallées de la Burdinale et de la Mehaigne

Am Dall vun der Mehaigne gouf et fréier eng sëllege Millen. Eleng zu Braives waren der zéng.

Dovu stinn der nach e puer:

Nieweflëss vun der Mehaigne sinn:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mehaigne – Biller, Videoen oder Audiodateien


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse