Meissen (Parzeläin)

Vu Wikipedia
Logo vum Meissener Parzeläin
Kleng Meissener Potiche mam Draachemuster

De Meißener Parzeläin ass den éischten europäesche Parzeläin. Hie gouf 1708 vum Ehrenfried Walther von Tschirnhaus am Optrag vum deemolege sächseschen Kurfürst August der Starke erfonnt. No sengem Doud huet de Johann Friedrich Böttger d'Erfindung vum Tschirnhaus fabrécksméisseg produktiounsräif gemaach.

Dat charakteristescht Symbol vum Meissener Parzeläi sinn déi gekräizt blo Schwäerter ënner all Parzeläinsobjet. D'Duerstellung vun dëse Schwäerter huet allerdéngs mat der Zäit variéiert, wat erlaabt, Réckschlëss op d'Produktiounsjoer ze zéien. D'Markéierung vun haut geet op 1934 zeréck. Déi staatlech Parzeläin-Manufaktur Meissen GmbH war fréier eng kinneklech Parzeläinmanufaktur a gouf zur Zäit vun der DDR e volkseegene Betrib (VEB). De Meissener Parzeläin ass mat der Hand bemolt, wouduerch all Stéck e richtegt Konschtwierk ass. Dofir ass dëse Parzeläin, am Verglach zu aneren, och sou deier. Bekannt Dekore sinn d'Ënnemuster, Purpur Rosa, d'Rieflaf an och d'Draachemuster.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reibig, Helmut (Hrsg.): Otto Walcha Meissner Porzellan. Von den Anfängen bis zur Gegenwart. Dresden: Verlag der Kunst, 1973. 443 S. mat 259 deelweis faarwege Biller

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meissener Parzeläin – Biller, Videoen oder Audiodateien