Mel Brooks

Vu Wikipedia
Mel Brooks
Gebuertsnumm Melvin Kaminsky
Gebuer 28. Juni 1926
Brooklyn
Nationalitéit USA
Educatioun Brooklyn College
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komponist, Synchronspriecher, Lidderschreiwer, Schrëftsteller, Theaterproduzent, Militär, Televisiounsproduzent, Liddertexter, Televisiounsschauspiller, Journalist, Librettist, Theaterschauspiller, Regisseur, Komiker
Member vun American Academy of Arts and Sciences, WGA West
Famill
Bestuet mat Anne Bancroft
De Mel Brooks (1984).

De Mel Brooks, gebuer den 28. Juni 1926 am New Yorker Quartier Brooklyn, mam richtegen Numm Melvin Kaminsky, ass en US-amerikanesche Komiker, Schauspiller, Regisseur, Theaterproduzent an Dréibuchauteur.

Hien ass virun allem bekannt fir seng verfilmt Parodien op Filmer mat groussem kommerzielle Succès oder op Filmgenren.

De Mel Brooks huet als Stand-up-Komiker ugefaangen, gouf da Sketch-Auteur fir de Sid Cesar, an hat vun 1965 un eege lëschteg Emissiounen op der Televisioun.

1968 huet hie säin éischte Film gedréint, fir deen en och d'Dréibuch geschriwwen hat, dat him en Oscar abruecht huet: The Producers, e Kaméidisstéck, an deem Theaterproduzente probéieren, u Sue vun hirer Assurance ze kommen, andeems s'express en onméiglech schlechte Musical iwwer den Hitler opféieren, dat dann awer onerwaart e Risesuccès gëtt. De Film selwer war och e grousse Succès, a gouf 2001 an enger Musicalversioun um New Yorker Broadway opgefouert.

Nom The Twelve Chairs huet hien eng Parodie op Western (Blazing Saddles) an Horrorfilmer (Young Frankenstein) gedréint, dono och op Hitchcock-Filmer (High Anxiety), Science-Fiction- (Spaceballs), Robin-Hood- (Robin Hood: Men in Tights) oder Dracula-Filmer (Dracula: Dead and Loving It). Hien huet och e Remake vum Ernst Lubitsch sengem To Be or Not To Be realiséiert.

Nieft eegene Filmer huet de Mel Brooks och där vun anere Regisseure produzéiert, z. B. dem David Lynch säin Elephant Man.

Hie war vun 1964 bis zu hirem Doud, 2005, mat der Schauspillerin Anne Bancroft bestuet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter W. Jansen, Christa Maerker et al: Mel Brooks. In: Peter W. Jansen, Wolfram Schütte (Hrsg.): Woody Allen - Mel Brooks. [Reihe Film Band 21]. Carl Hanser, München und Wien 1980, ISBN 3-446-12854-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mel Brooks – Biller, Videoen oder Audiodateien