Op den Inhalt sprangen

Melekeok

Vu Wikipedia
Melekeok
Land Palau
Vewaltungseenheet Melekeok State
Awunner 299
  2012
Héicht 61 m
Koordinaten 7°29'35,9"N, 134°38'3,1"O

Melekeok ass eng Uertschaft vu Palau. Si läit am Verwaltungsgebitt Melekeok, op der gréisster Insel vu Palau, Babelthuap (och Babeldaob genannt).

Am Joer 2006 gouf zwee Kilometer südwestlech vu Melekeok – zu Ngerulmud – e risege Komplex vu Regierungsgebaier opgemaach; zënterhier ass Ngerulmud d'Haaptstad vu Palau, och wann et gewëssen Onstëmmegkeete gouf a gëtt wat Haaptstad ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ngerulmud#Geschicht.

Zu Melekeok liewen nëmmen 271 Awunner (Stand 2005)[1], an et gëtt och nach keng fest Stroossen; verschidden Haiser leie souguer ganz am Dschungel. Et gëtt allerdéngs op der ganzer Haaptinsel keng gréisser Siidlungen, soudatt de Choix absënns am Hibléck op déi laang Geschicht vu Melekeok / Ngerulmud als Muechtzentrum vu Palau verständlech ass.

 Commons: Melekeok – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. http://www.geonames.org/search.html?q=melekeok&country=