Mellier
Mellier | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Lëtzebuerg |
Arrondissement | Neufchâteau |
Gemeng | Léglise |
Koordinaten |
49° 46’ 11’’ N 05° 31’ 20’’ O |
Telefonszon | 063 |
Postcode | 6860 |
Mellier (op Wallounesch Mâliè) ass eng Uertschaft a Sektioun vun der belscher Gemeng Léglise an der Provënz Lëtzebuerg an an der Régioun Wallounien.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft läit am Dall vun der Baach mam selwechten Numm souwéi vum Ruisseau de Bortémont an dem Ruisseau de la Grande-Fagne.
Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft ass iwwer d'N 897 un d'nationaalt Stroossennetz ugeschloss. Eng Niewestrooss féiert am Oste bis op Tibessart.
Bis 1984 hat Mellier iwwer seng Gare e Voyageursuschloss op der Infrabel-Linn 162 (Sterpenech-Namur).
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Zu Mellier goufe prehistoresch Iwwerreschter souwéi Spuere vu merowengesche Baustrukturen entdeckt. Déi eelst schrëftlech Mentioun vu Mellier ass vum Joer 763 n. Chr., ënnert der Form vu "Maslario". Am 8. Joerhonnert gouf et zu Mellier e merowengescht Landgutt (domaine) dat mat Longlier gekoppelt war, an e Schrëftstéck seet, datt de Kinnek Pippin III., genannt "de Kuerzen", sech am Joer 763 fir e puer Deeg do opgehalen huet.
Dat Landgutt, dat en Deel vum kinnekleche Fiscus war, koum am Laf vum 10. Joerhonnert bei d'Grofe vu Chiny. Als Zentrum vun engem Bann oder Herrschaftsgebitt gouf et dunn d'Apanage vum Thierry de Mellier, dem zweetgebuerene Jong vum Grof vu Chiny. Doraus ass du, mat der Herrschaft vun Neufchâteau, eng Probstei entstanen, déi ronn véierzeg Dierfer ëmfaasst huet. Duerno deelt Mellier mat sengem Bann d'Schicksal vun Neufchâteau.
1268, allerdéngs, gouf d'Buerganlag vu Mellier vum Grof vu Lëtzebuerg zerstéiert.
Ënnert dem franséisch-revolutionäre Regimm gouf Mellier eng Gemeng an ass dat bis zur belscher Gemengereform vun 1977 bliwwen.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Forge haute vu Mellier (Klasséiert Monument)
- Schmelz vu Mellier-Bas
Bibliographie
[Quelltext änneren]- Léglise, 28 villages au fil du temps, Commission culturelle et sportive de Léglise, 1997.
- Geubel A. & Gourdet L., Histoire du Pays de Neufchâteau. La ville. La seigneurie. Le ban de Mellier. Duculot, Gembloux, 1956.
- Tandel E., Les communes luxembourgeoises, t.VI a. L’arrondissement de Neufchâteau, in Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg, t. XXVII, 1893, S.1-310.,
- Hannick P. et Duvosquel J.-M., La carte d’Arenberg de la Terre et prévôté de Neufchâteau en 1609 (avec le ban de Mellier et la seigneurie de Bertrix). Kommentéiert Editioun mat Kaarten (18. bis 20. Joerhonnert), Bréissel, 1996.
- Jean-Jacques Jespers, Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles; Bréissel (Éditions Racine), 2005. - ISBN 2-87386-409-5
| |||
Sektiounen: Assenois • Ébly • Léglise • Mellier • Witry |