Melusina (Skulptur)

Vu Wikipedia
Melusina
D'Melusina bei der Uelzecht am Gronn.
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Gronn
Koordinaten 49°36'39,31"N, 6°8'9,64"O
Héicht 1,55 m
Material Pyrogranit
Kënschtler Serge Ecker
Bauhär Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
Zu Éiere vun Melusina

D'Melusina ass eng Skulptur vum Serge Ecker am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. Se steet um lénksen Uwänner vun der Uelzecht, géintiwwer vun der Jangekierch.

Wéi d'Stad Lëtzebuerg 2013 fir den 1050. Anniversaire vun der Stad Lëtzebuerg e Concours ausgeschriwwen hat fir eng Skulptur vun der Melusina z'entwerfen, déi spéider am Stadgronn sollt placéiert ginn, huet de Serge Ecker do matgemaach. De 25. Februar 2014 ass hien als Gewënner vum Concours bekannt gemaach ginn. Seng Melusina-Skulptur, déi mat Hëllef vun engem groussen 3D-Drécker entstanen ass, gouf dunn de 14. Oktober 2015 ageweit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]