Melusina Press
Ausgesinn
Melusina Press ass den Numm vun engem Verlag zu Lëtzebuerg, dee vun der Faculté des lettres, des sciences humaines, de l'éducation et des sciences sociales (FHSE) vun der Uni Lëtzebuerg gefouert gëtt.
Prinzipiell si seng Publikatiounen, sief dat gedréckt, online oder deelweis a Form vu réien Daten, fräi zougänglech.
Et handelt sech dobäi virun allem ëm d'Resultater vu Fuerschungsaarbechten zu Theemen ewéi d'Linguistik (zu Lëtzebuerg a vum Lëtzebuergeschen), Museologie, LGBTQ+, den Impakt vun der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg, d'Psychologie an d'Erzéiungswëssenschaften.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- melusinapress.lu, Websäit vum Verlag.