Mélusine Productions

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Melusine Productions)
Mélusine Productions
Typ Aktiegesellschaft (S.A.)
Grënnungsdatum 1998
Sëtz Conter, Lëtzebuerg
Leedung Stéphan Rœlants
Branche Filmindustrie
Produit Filmproduktioun
Homepage melusineproductions.com

Mélusine Productions ass eng lëtzebuergesch Filmproduktiounsgesellschaft, déi op d'Produktioun vun Animatiounsfilmer a -serien spezialiséiert ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Firma gouf 1998 vum Belsch Stéphan Rœlants gegrënnt, dee virdru schonn den Animatiounsstudio Studio 352 gegrënnt hat.[1][2]

Nieft Kannerfilmer a -serien produzéiert Mélusine Productions och Animatiounsfilmer fir Erwuessener, wéi zum Beispill The Breadwinner (2017) a Les hirondelles de Kaboul (2019).[3]

D'Filmer a Serië vu Mélusine Productions hunn eng Rei Präisser gewonnen, dorënner de César du cinéma als beschten Animatiounsfilm fir Ernest & Celestine (2013). Dee Film, an och Song of the Sea (2014), The Breadwinner (2017) a Wolfwalkers (2020) ware fir den Oscar an der Kategorie "Beschten Animatiounslaangfilm" nominéiert.

Produktiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004: T'Choupie, le film
  • 2009: Panique au village
  • 2010: Vauban
  • 2010: Allez raconte!
  • 2012: Le jour des corneilles
  • 2012: Ernest & Célestine
  • 2014: The Weird Gang Project
  • 2014: Song of the Sea
  • 2014: Tante Hilda
  • 2014: Ma Maman est en Amérique
  • 2015: Les triples
  • 2015: The Adventures of Young Marco Polo
  • 2015: Extraordinary Tales
  • 2016: Mullewapp - Eine schöne Schweinerei
  • 2017: Richard the Stork
  • 2017: Ethel & Ernest
  • 2017: The Breadwinner
  • 2018: Ernest et Célestine - La Collection
  • 2019: Les hirondelles de Kaboul
  • 2019: Zero Impunity
  • 2019: Des bêtes et des sorcières)
  • 2021: Wolfwalkers
  • 2021: The Summit of the Gods
  • 2021: The Prince's Voyage
  • 2022: I fiori persi
  • 2022: Ernest and Celestine, a Trip to Gibberitia
  • 2023: Slocum
  • 2023: Kensuke's Kingdom

Serien[änneren | Quelltext änneren]

  • 2001: La famille Passiflore
  • 2001: Les énigmes de Providence
  • 2001: Liberty Kids
  • 2005: Trollz
  • 2007-2009: Nouky & Friends

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. republicain-lorrain.fr: Les Hirondelles de Kaboul  : « Peu voulaient y mettre des ronds ! » vum Xavier Jacquillard (3. September 2019)
  2. Michel Delage: "De Public weess wat gutt ass, et muss een em just schéi Saache weisen" (6. September 2019)
  3. D'Filmer vu Mélusine Productions op der Websäit vum Lëtzebuerger Filmfong