Memphis Facula

Vu Wikipedia
De Memphis Facula opgeholl vum Voyager 2 (grousse wäisse Krees ënne riets)

De Memphis Facula ass e sougenannte Geeschterkrater um Jupitermound Ganymed.

Den ongeféier 360 km grousse Krater läit am südwestlechen Deel vun der Galileo Regioun, Op der Norostflank vum Ganymed. De Krater deen haut praktesch gläich dem Buedem ass, ass e Relikt vun engem groussen Evenement a war fréier en déiwen Aschlagkrater, deem seng Ramplien zesummegefall sinn, iwwerdeems de Fong isostatesch an d'Luucht gehuewe gouf, a Bulli de Rescht vun der Topographie opgefëllt a méi oder wéineger dem Buedem gläich gemaach huet.