Menster

Vu Wikipedia
Menster
Vue op Menster
An anere Sproochen fr: Mensdorf
de: Mensdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Betzder
Buergermeeschter Marc Ries (CSV)
Awunner ​956[1]
  15.10.2017
Héicht 247 m
Koordinaten 49° 39’ 18’’ N
      06° 18’ 12’’ O


Menster ass eng Uertschaft an der Gemeng Betzder.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Menster aus der Loft

Menster ass déi südlechst vun de fënnef Uertschaften an der Gemeng Betzder (Kanton Gréiwemaacher). Menster läit tëscht Rued-Sir am Norden an der Autobunn A1 am Süden. Dat noosten Duerf am Westen ass Nidderaanwen an dat am Osten ass Fluessweiler.

Am Weste vu Menster fléisst op enger Südwest-Nord-Achs d'Sir. Parallel zur Baach leeft d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg.

De Kulturzentrum am Zentrum vum Duerf läit op enger Héicht vun 247 Meter. Am Oste läit den héchste Punkt vu Menster, de Widdebierg mat 387 Meter.

2017 hunn zu Menster 956 Persoune gewunnt; dat waren 24,74% vun den 3.863 Awunner vun der Gemeng Betzder[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Spueren, déi beweisen datt Mënschen am haitege Menster gewunnt hunn, stamen aus der galloréimescher Zäit. Deemools ass tëscht de spéideren Uertschafte Menster a Beyren d'Réimerstrooss Metz-Tréier op d'Strooss Reims-Arel-Tréier getraff. An där Period ass de Widdebierg als keltesch Gottheet "Deus veraudunus" veréiert ginn[2].

Et ass méiglech, datt den Numm "Mensdorf" aus dem 6. Joerhonnert staamt. Dat éischt Dokument, an deem d'Uertschaft ernimmt gëtt ("Mennestorf") staamt awer aus dem Joer 1043. Iwwer déi nächst puer honnert Joer goufen et e puer Variatioune vum Numm: "Mensdorff" (1255), "Mennestorff" (1261), "Mennisdorf" (1305), "Meynszdorff" (1570)[3], "Mensdorff" (1585), "Munsdorf" (1579/1589), "Mondorff" (1680/1695), "Mensdorf" (1685) a "Monsdorf" (1705/1792)[2]. An der Gemengerotssëtzung vum 28. Januar 2022 gouf beschloss, datt de Lëtzebuerger Numm vun der Uertschaft "Menster" mat engem T geschriwwe gi soll.[4][5]

Ëm 1250 ass Menster ënner d'Herrschaft vun de Grofe vu Rëttgen gefall, vun deenen am 13. Joerhonnert d'Grofe vu Menster-Pouilly ofstamen. Am 14. Joerhonnert waren d'Häre vu Menster Schäffen an der Stad Lëtzebuerg. Si hate vill Proprietéiten an der Stad an am Sirdall. Trotzdeem war Menster mat sengen 12 Stéit (1473) a senge schlechte Stroossen net vill besser dru wéi seng Nopeschdierfer. 1611 hunn do 260 Persoune gelieft, mä wéinst dem Drëssegjärege Krich (1618-1648) waren et der 1635 nëmmen nach 150. 1656 hat Menster souguer nëmmen nach 42 Awunner[2].

Genee wéi Diddenuewen a Montmédy ass Menster 1659 Deel vu Frankräich ginn. E puer Joerzéngte méi spéit, wärend der franséischer Revolutioun, hunn d'Grofe vu Pouilly Frankräich musse verloossen. Si goufen an Éisträich opgeholl, wou si sech séier etabléiere konnten a wichteg Funktioune beluecht hunn. Fir ze verstoppen, datt si aus Frankräich kommen, hu si den Numm "Mensdorff" adoptéiert. Den Alexander vu Mensdorff war vun 1864-1866 souguer éisträicheschen Ausseminister[6].

An den 1970er gouf d'Parhaus an déi al Schoul am Zentrum vu Menster ofgerappt an duerch e Kulturzenter ersat. An de spéiden 1990er dunn ass déi al Schmëdd renovéiert ginn a gëtt haut als Concerts- an als Versammlungssall ("Schmoett") benotzt[2].

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Existenz vun enger Kapell zu Menster gëtt 1570 fir d'éischt ernimmt. 1853 ass d'Kierch um Site vun enger Kapell aus dem Joer 1696 gebaut ginn. Vun där Kapell gouf just de Klackentuerm stoe gelooss, deen 1900 duerch den aktuellen, méi héijen Tuerm ersat ginn ass.

D'Par Menster ass 1858 geschaaft ginn. Virdrun huet Menster zur Par Fluessweiler gehéiert. Zënter 2017 gehéiert Menster zur Par Musel a Syr Saint-Jacques[2].

Veräinsliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Chorale Sainte-Cécile, d'Fräiwëlleg Pompjeeën an den FC Syra Menster zielen zu den eelste Veräiner zu Menster. Tëscht 1910 an 1956 ass et och en Turnveräi ginn, d'Concorde ouvrière Mensdorf.

Am Duerf ginn och all Joer e puer Evenementer organiséiert, dorënner d'Menster Quetschekiermes zënter 1974[7] an zënter 1988 d'Musek am Syrdall[8].

Tëscht 1981 an 1993 hat de Club des Jeunes vu Menster de Widderbierglaf organiséiert. Zënter 2013 hunn d'Widdebiergfrënn déi Course nees nei belieft[9].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Menster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 La commune en chiffres. www.betzdorf.lu (15.10.2017) Gearchiveerd op 2021-06-02. Gekuckt de(n) 2021-03-28.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 betzdorf.lu: La localité de Mensdorf (gekuckt den 19. September 2017)
  3. Parverband Widdebierg: Lokalchronik von Dorf und Pfarrei Mensdorf (gekuckt den 19. September 2017)
  4. Ordre du jour vun der Gemengerotssëtzung vum 28. Januar 2022. Gekuckt de(n) 8. Februar 2022.
  5. Volker Bingenheimer, Die Sache mit dem D, Der Gemeinderat will die unbeliebte offizielle luxemburgische Schreibweise von Mensdorf für immer loswerden., Luxemburger Wort, 8. Februar 2022, S. 24-25
  6. Bibliotheksservice-Zentrum Baden-Württemberg: Mensdorff-Pouilly, Alexander von (19. September 2017)
  7. betzdorf.lu: Menster Quetschekiermes (gekuckt den 19. September 2017)
  8. msyrdall.betzdorf.lu: Musek am Syrdall (gekuckt den 19. September 2017)
  9. widdebierglaf.lu: La course du Widdebierg du Club des Jeunes de Mensdort (1981-1993) et des Widdebiergfrënn (2013-…) (gekuckt den 19. September 2017)