Mercury-Little-Joe 1A
Little Joe 1A (LJ-1A) | |
---|---|
Typ | Mercury-Programm |
nssdc_id | LILJOE-1A |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Orbit | atmosphäresche Fluch |
Apogeum | 14,5 km |
Streck | 18,5 km |
Start | 4. November 1959 |
Startplaz | Wallops Flight Facility, Virginia |
Landung | 4. November 1959 |
Landeplaz | Atlantik |
Dauer | 5min 10s |
Drorakéit | Little Joe |
Missioun virdrun | Mercury-Little-Joe 6 |
Missioun dono | Mercury-Little-Joe 2 |
Little Joe 1A (LJ-1A) war en onbemannten Testfluch am Kader vum Mercury-Programm.
Wéi scho bei der feelgschloener Little-Joe 1 Missioun sollt e Fluchofbruch bei maximaler aerodynamescher Belaaschtung (Max Q) simuléiert ginn. Dofir gouf e Kapselmodell inkl. Rettungsrakéit mat enger Little Joe Rakéit gestart. D'Signal fir de Fluchofbroch koum och zum gewënschten Zäitpunkt, leider hat et awer e puer Sekonne gedauert, bis d'Rettungsrakéite genuch Schub produzéiert hunn, sou datt den Ament vun der maximaler aerodynamescher Belaaschtung scho laanscht war. Dofir gouf de Fluch mat Little-Joe 1B nees widerholl. Well d'Missioun soss erfollegräich verlaf wier, konnt bei Little Joe 1B en Af transportéiert ginn.
D'Maximalvitess war 3.254 km/h, déi maximal Acceleratioun war 16,9 g. D'Kapsel hat eng Streck vun 18,5 km iwwerflunn, den héchste Punkt louch bei enger Héicht vu 14,5 km. D'Notzlaascht war 1.007 kg.