Op den Inhalt sprangen

Mercury-Little-Joe 2

Vu Wikipedia
Little Joe 2 (LJ-2)
Start vun der Little Joe 2.
TypMercury-Programm
nssdc_idLILJOE-2
Land USA
AgenturNASA
Orbitsuborbitale Fluch
Apogeum88 km
Streck312 km
Start12. Dezember 1959
StartplazWallops Flight Facility, Virginia
Landung12. Dezember 1959
LandeplazAtlantik
Dauer11min 6s
DrorakéitLittle Joe
CrewRhesusaf Sam
Missioun virdrunMercury-Little-Joe 1A
Missioun donoMercury-Little-Joe 1B

Little Joe 2 (LJ-2) war fir en Test mat der Mercury-Kapsel am Kader vum Mercury-Programm geplangt. An der Kapsel war de Rhesusaf Sam ënnerbruecht, mat deem een d'Auswierkunge vun engem Fluch op de Mënsch wollt observéieren. Den Numm Sam leet sech aus den Initiale vun der Institution of, déi fir biologesch Experimenter wärend dem Mercury-Programms verantwortlech waren, der US Air Force School of Aviation Medicine. Nieft dem Sam waren an der Kapsel nach weider biologesch Prouwe wéi Geséims a verschidden Zellaarten. Doriwwer eraus gouf d'Kapsel getest. Dofir goufe besonnesch och en Oftrenne vun der Kapsel mat der Rettungsrakéit duerchgefouert.

De Start war de 4. Dezember 1959 vu Wallops Flight Facility a Virginia aus erfollegt. D'Kapsel war op 88 Kilometer héich geflunn a war dräi Minutte an 13 Sekonne schwéierlos. Si gouf mam liewenden Af Sam vun der USS Borie gebuergen. D'Kapsel ass haut am Airpower Park and Museum zu Hampton (Virginia) ausgestallt.

Portal Astronomie

De Rhesusaf Sam