Op den Inhalt sprangen

Meteorological Aviation Routine Weather Report

Vu Wikipedia

De Meteorological Aviation Routine Weather Report, besser bekannt ënner dem Akronym METAR, ass eng standardiséiert Meldung iwwer déi aktuell Wiederobservatioun vun engem Fluchhafen.

En enthält op jiddwer Fall den ICAO-Code vum jeeweilege Fluchhafen an den Observatiounszäitpunkt. Ausserdeem kënnen nach Wandrichtung, Temperatur, Siichtweit, Loftdrock a Wollekeformatioun an aner Informatiounen dran enthale sinn.

De METAR gëtt all 30 Minutten erstallt an huet eng Gëltegkeet fir 2 Stonnen, speziell Bulletinën, genannt "SPECI" (SPECIal), ginn nëmmen erstallt, wa sech ee vun de Parameteren drastesch ännert.

Generell Syntax

[änneren | Quelltext änneren]
METAR - ICAO-Code vum Fluchhafen - Dag an Zäit (UTC) vun der Meldung - AUTO (optional)- Wandrichtung a -vitess - Landebunnsiichtwäit - Wieder - Wolleken - Temperatur an Dapunkt - Loftdrock - Bemierkungen

Opbau vun enger METAR-Meldung

[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Beispill ass eng METAR-Meldung vum Findel no den WMO-Richtlinnen an ass erstallt ginn den 11. September 2007 emm 15:50 UTC:

METAR ELLX 111550Z 34004G19KT 300V100 9999 FEW030 BKN045 14/08 Q1023 NOSIG=

  • METAR weist un datt dëst eng standardiséiert Meldung ass
  • ELLX ass den ICAO-Code vum Fluchhafe Lëtzebuerg
  • 111550Z weist den Datum an d'Zäit vun der Meldung, an dësem Beispill den 11. vum Mount um 15:50 UTC
  • 34004G19KT weist d'Wandrichtung (340 Grad oder Nord-Nordwest) an d'Wandvitesse (4 Kniet oder 7 km/h a Wandstéiss bis zu 19 Kniet oder 35 km/h)
  • 300V100 weist, datt d'Wandrichtung sech vun 300 Grad (Nordwest) op 100 Grad (Ost) ännert
  • 9999 weist, datt d'Siicht um Fluchhafe méi wéi 10 Kilometer ass
  • FEW030 weist datt den Himmel 1-2 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vun 3000 Fouss iwwer dem Grond
  • BKN045 weist, datt den Himmel 5-7 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 4500 Fouss iwwer dem Grond
  • 14/08 weist d'Temperatur (14 °C) an den Dapunkt (8 °C) un, negativ Wäerter gi mat engen "M" duergestallt
  • Q1023 weist, datt deen op der Plaz registréierte Loftdrock reduzéiert op Mieresspigelniveau momentan bei 1023 hPa läit
  • NOSIG ("no significant change") weist datt an deenen nächsten 2 Stonne keng nohalteg Ännerungen z'erwaarde sinn
  • = bedeit datt de METAR zu Enn ass

Besonnesch déi amerikanesch METARen ënnerscheede sech liicht vum WMO-Standard, wéi dëst Beispill vum John F. Kennedy Fluchhafen zu New York weist:

METAR KJFK 151051Z 35003KT 6SM BR FEW005 SCT015 OVC095 18/16 A2983 RMK AO2 RAE29 SLP102 P0002 T01780161=

  • METAR weist un, datt dëst eng standardiséiert Meldung ass
  • KJFK ass den ICAO-Code vum John F. Kennedy Fluchhafen zu New York
  • 151051Z weist den Datum an d'Zäit vun der Meldung, an dësem Beispill de 15. vum Mount um 10:51 UTC
  • 35003KT weist d'Wandrichtung (350 Grad oder Nord) an d'Wandvitesse 3 Kniet oder 5 km/h
  • 6SM weist, datt d'Siicht um Fluchhafe a Moment 6 Statute Mile oder 10 km bedréit
  • BR weist, datt am Moment Donst um Fluchhafen ass
  • FEW005 weist, datt den Himmel 1-2 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 500 Fouss iwwer dem Grond
  • SCT015 weist, datt den Himmel 3-4 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 1500 Fouss iwwer dem Grond
  • OVC095 weist, datt den Himmel 8 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vun 9500 Fouss iwwer dem Grond
  • 18/16 weist d'Temperatur (18 °C) an den Dapunkt (16 °C) un
  • A2983 weist de Loftdrock op der Statioun un (29,83 inch oder 1010 hPa), den "A" steet fir Altimeter

Déi follgend Parametere gehéieren net zum WMO-Standard a sinn an Amerika zimmlech heefeg verbreet:

  • RMK weist, datt elo d'Remarken als nächst kommen
  • A02 weist un, datt dës Statioun en automatesche Reensensor huet. Den "AO" steet fir Automated Observation
  • RAE29 weist un, datt de Reen ëm 10:29 UTC opgehalen huet. Den "RAE" steet fir Rain Ending
  • SLP102 weist un, datt de Loftdrock op der Statioun 1010,2 hPa ass. Den "SLP" steet fir Sea Level Pressure
  • P0002 weist, wéi vill Reen zanter dem leschte METAR Report gefall ass, an dësem Fall sinn 0,02 Inch oder 0,5 mm gefall. De "P" steet fir Precipitation (Nidderschlag).
  • T01780161 weist déi genee Temperatur an de geneeën Dapunkt, an dësem Fall ass d'Temperatur 17,8 °C an den Dapunkt 16,1 °C. Sinn d'Temperaturen am positive Beräich, steet eng "0" virdrun, negativ Temperature gi mat enger "1" gekennzeechent.
  • = bedeit, datt de METAR zu Enn ass

Wandinformatioun

[änneren | Quelltext änneren]

De Wand an engem METAR gëtt a Kniet ugewiesen, manner geleefeg si Meter pro Sekonn a Kilometer pro Stonn. Bei guer kengem Wand gëtt als Wandrichtung 0 Grad uginn. Kënnt de Wand aus ënnerschiddleche Richtunge gëtt als Wanddirektioun "VRB" (Variabel) uginn, ausser wann d'Direktioun sech méi wéi 60° ännert ginn déi béid Richtungen duerch e "V" getrennt. Wandstéiss ginn duerch en "G" (englesch fir Gusts) gekennzeechent.

Beispill Erklärung
29010KTWanddirektioun: 290°, Vitess:10 Kniet
00000KTGuer kee Wand
29010G30KTWanddirektioun: 290°, Vitess: 10 Kniet, Wandstéiss mat 30 Kniet
VRB05KTVerännerlech Wanddirektioun, Vitess: 5 Kniet
29010KT 210V310Haaptwanddirektioun: 290°, Vitess: 10 Kniet, dréint tëscht 210° an 310°, d'Variatioun gëtt nëmmen ugi wann d'Direktioun méi wéi 60° ännert.

D'Siichtwäit gëtt ëmmer véierstelleg a Meter ugewiesen. Ass d'Siichtwäit 10 km oder driwwer gëtt dat mat véier Néngtercher uginn. Siichtwäiten ënner 50 m ginn als "0000" ugewisen. Wa CAVOK an engem METAR ugewise gëtt, entfalen d'Siicht - a Wollekeninformatiounen.

Beispill Erklärung
0000Siichtwäit enner 50 m
0300Siichtwäit 300 m
5000Siichtwäit 5 km
9999Siichtwäit 10 km oder driwwer

D'Pistsiichtwäit (RVR - Runway Visual Range) gëtt nëmmen uginn, wann d'Siicht entweeder op der Statioun selwer ënner 1500 m läit oder op eng vun de Landebunnen. Dobäi gëtt d'Nummer vun der Landebunn, d'Siichtwäit an d'Tendenz ugewisen. Bei der Tendenz sinn 3 Parametere méiglech: N (No Change), U (Upward) an D (Downward)

Beispill Erklärung
R24/250ND'Siicht op der Pist Nummer 24 bedréit 250 m an huet wärend de leschten 10 Minutten net changéiert
R31/100DD'Siicht op der Pist Nummer 31 bedréit 100 m an huet sech wärend de leschten 10 Minutte verschlechtert
R18/800UD'Siicht op der Pist Nummer 18 bedréit 800 m an huet sech wärend de leschten 10 Minutte verbessert
R17/400V800D'Siicht op der Pist Nummer 17 varièiert tëscht 400 an 800 m

Wiederzoustand

[änneren | Quelltext änneren]

De Wiederzoustand gëtt mat follgenden Textbausteng duergestallt:

Wetter (FMH-1 HANDBOOK)
Qualifier Weather Phenomena
INTENSITY OR PROXIMITY DESCRIPTOR PRECIPITATION OBSCURATION OTHER
 - Light
  Moderate (see note 2)
 + Heavy
VC In the Vicinity (see note 4)
MIShallow
PRPartial
BCPatches
DRLow Drifting
BLBlowing
SHShower(s)
TSThunderstorm
FZFreezing
DZDrizzle
RARain
SNSnow
SGSnow Grain
ICIce Crystals
PLIce Pellets
GRHail
GSSmall Hail and/or Snow Pellets
UPUnknown Precipitation
BRMist
FGFog
FUSmoke
VAVolcanic Ash
DUWidespread Dust
SASand
HZHaze
PYSpray
POWell-Developed Dust/Sand Whirls
SQSqualls
FCFunnel Cloud Tornado Waterspout (see note 3)
SSSandstorm
DSDuststorm
1. The weather groups shall be constructed by considering columns 1 to 5 in the table above in sequence, i.e. intensity, followed by description, followed by weather phenomena, e.g. heavy rain shower(s) is coded as +SHRA
2. To denote moderate intensity no entry or symbol is used.
3. Tornados and waterspouts shall be coded as +FC.
4. The location of weather phenomena shall be reported as "in the vicinity of the station" when between 5 and 10 statute miles of the point(s) of observation.

D'Bewölkung gëtt mat follgenden Ofkierzungen am engem METAR definéiert:

Ofkierzung Komplett Bezeechnung Erklärung
SKCSky Clear0 Aachtel
FEWFew1-2 Aachtel
SCTScattered3-4 Aachtel
BKNBroken5-7 Aachtel
OVCOvercast8 Aachtel

Ausserdeem kennen an engem METAR follgend Ofkierzungen optrieden:

  • CLR (Clear): 0 Aachtel Wolleken ënner 12000 Fouss (Miessung duerch automatesch Statiounen).
  • NSC (No Significant Clouds): d'Wolleken iwwer 5000 Fouss ginn ignoréiert sou laang et sech net emm Wiederwolleken (CB, TCU) handelt.
  • NSW (No Significant Weather): gëtt ugi wann e signifikant Wiederphänomen zu Enn ass
  • CAVOK (Clouds And Visibility OK), keng Wolleken enner 5000 Fouss, d'Siichtweit iwwer 10 km, keen Cumulonimbus, a keng besonnesch Wiederphänomener ze verzeechne sinn.

D'Héicht vun der Wollekenënnergrenz gëtt a Fouss ugewisen. Zousätzlech kënnen 2 Aarte vu Wolleken an engem METAR stoen:

Ofkierzung Erklärung
TCUTowering Cumulus
CBCumulonimbus

Am Fall vun Niwwel, wou keng Wolleken erkennbar sinn, gëtt d'Vertikalsiicht als Code VV uginn. Si gëtt, wéi d'Wolleken och, a Fouss uginn. Ass keng Vertikalsiicht erkennbar, gëtt VV/// uginn.

De Loftdrock gëtt ëmmer véierstelleg duergestallt. D'Eenheet ass entweeder Hectopascal oder Inch.

Beispill Erklärung
Q1030QNH=1030 hPa
A3020QNH=30,20 Inch

Wiederprevisioun

[änneren | Quelltext änneren]

De sougenannten TREND enthält eng Previsioun fir déi nächst 2 Stonnen. Dobäi sinn 3 Parametere méiglech: NOSIG, TEMPO a BECMG:

Code Komplett Bezeechnung Erklärung
NOSIGNo Significant ChangeKeng nohalteg Ännerungen z'erwarden
BECMGBecomingHanner deem Code ginn déi nohalteg Wiederännerungen opgezielt
TEMPOTemporaryHanner deem Code ginn déi temporäre Wiederännerungen opgezielt

Ausserdeem kënnen, wann d'Ännerung fir e bestëmmten Zäitpunkt erwaart gëtt, 3 aner Parameteren ugi sinn. Déi véierstelleg Auerzäit gëtt dann hannendru gesat.

Code Komplett Bezeechnung Erklärung
FM1900From 19:00 UTCÄnnerunge ginn ab 19:00 UTC erwaar
TL1250Till 12:50 UTCÄnnerunge gi bis 12:50 UTC erwaart
AT0900At 09:00 UTCÄnnerunge ginn um 9:00 UTC erwaart

Zousätzlech Informatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de Standard-Parametere kënnen an engem METAR nach zousätzlech Informatiounen agedroe ginn, wéi Pistnzoustand, rezent Wiederphänomener oder Wandscherung um Fluchhafen.

Code Komplett Bezeechnung Erklärung
RETSGRRecent Thunderstorm with HailWärend der leschter hallef Stonn ass e Wieder mat Knëppelsteng opgedrueden
WS ALL RWYWindshear Warning for all RunwaysWandscherung op alle Pistn
SNOCLOAirfield closed due to SnowFluchhafen ass wéinst Schnéi net operationnel
24//99//Runway 24 is being clearedPist 24 gëtt grad geraumt
24 CLRDRunway 24 clearedPist 24 ass geraumt an erëm disponibel