Messier 37

Vu Wikipedia
Messier 37
Oppene Stärekoup Messier 37
Stärebild Auriga (Aur)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 52m 19s
Deklinatioun + 32° 33,2′
Ausgesinn
Visuell Magnitude 5,6 magm
Wénkelduerchmiesser 24'
Stären zirka 2000
Physikalesch Donnéeën
Distanz   4400 Lj. / 1300 PC(Lj)
Absolutten Duerchmiesser  20
Alter  300 Mio.
Geschicht
Entdecker  G. B. Hodierna
Entdeckungsdatum  1654
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  37
NGC  2099
C   0549+325
Lund  115
Mel  38

De Messier 37 (och NGC 2099 genannt) ass ee vun den dräi oppene Stärekéip am Wanterstärebild Auriga, déi am Messier-Katalog stinn. Seng Hellegkeet ass +5,6 mag, seng Wénkelausdehnung 24'.

E steet 4° südlech vum Stär θ Aurigae a ka bei ideal donkelem Himmel mat bloussem A gesi ginn. Am Teleskop gesäit een en ovalen Niwwelfleck mat 8-12 Stäre vun der 9.Gréisst. Si sinn däitlech zur Mëtt konzentréiert, mat am Nordosten engem dunnefërmege Lach tëscht de Stären.

Vun de ronn 2000 Stäre sinn der 200 méi hell wéi 13 mag, dorënner ongeféier 15 Rout Risen, 20 verännerlech Stären an iwwer 30 Duebelstären[1]. An der Mëtt vum Koup steet de markanten F8-Stär HD 39183 mat 9,2 mag. Wéinst der grousser Stärenzuel déngt den M37 villen Astronomen als Objet fir Ënnersich vun der Stärentwécklung, beispillsweis mat Faarwen-Hellegkeets-Diagramm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 37 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bernd Koch, Stefan Korth: Die Messier-Objekte. Die 110 klassischen Ziele für Himmelsbeobachter. Kosmos-Verlag, 213p., ISBN 9783440117439, Stuttgart 2010