Meteora (Album)

Vu Wikipedia
Meteora
Studioalbum[*] vun Länke Paak
Erauskomm 25. Mäerz 2003
Genre Nu Metal, Rap Metal[*], Alternative Rock
Längt 2.195 sec.
Label Warner Bros. Records[*]
Produzent Don Gilmore[*]
Offiziell Websäiten
Logo vum Album Meteora

Meteora ass den Titel vum zweete Studiosalbum vun der amerikanescher Rockband Linkin Park. E gouf de 25. Mäerz 2003 verëffentlecht an ass de Successeur vun hirem Debütabum Hybrid Theory an dem Kollaboratiounsalbum Reanimation. Am ganzen huet den Album fënnef Singleauskopplungen ervirbruecht: Somewhere I Belong, Faint, Numb, From the Inside a Breaking the Habit. Donieft gouf Lying from You als promotionell Single verëffentlecht. Meteora ass nom griicheschen orthodoxe Klouschterkomplex mam selwechten Numm benannt.

Bis 2013 goufe weltwäit iwwer 16 Milliounen Exemplaire verkaaft. Den Album stoung a ville westleche Länner op Plaz Eent vun den Albumcharts, dorënner an den USA, a Groussbritannien an an Däitschland.

Stil[änneren | Quelltext änneren]

De Stil vun den eenzele Lidder ass den typesche Stil, wéi een e vu Linkin Park kennt: Vill Geraps (Nobody's Listening), dem Bennington säi Gejäiz (From The Inside), Gittareriffs (Hit the Floor) oder dem DJ Hahn seng Soloen op den Turntables (Don't Stay) si vertrueden. Déi eenzeg Ofwäichung vum 1. Album Hybrid Theory ass déi, datt op der Plack net en eenzegt rouegt Lidd ass. Den Album gëtt zu de Genren Nu Metal a Rapcore gezielt.

Tracklëscht[änneren | Quelltext änneren]

  1. Foreword
  2. Don't Stay
  3. Somewhere I Belong
  4. Lying From You
  5. Hit the Floor
  6. Easier to Run
  7. Faint
  8. Figure.09
  9. Breaking the Habit
  10. From the Inside
  11. Nobody's Listening
  12. Session
  13. Numb