Metze Schmelz

Vu Wikipedia
D'Metze Schmelz, 1909 oder virdrun
D'Metze Schmelz, kuerz no hirer Grënnung

D'Metze Schmelz zu Esch-Schëffleng, méi spéit ARBED-Schëffleng, war 1871 eng vun den éischte Schmelzen déi direkt bei de Minettslagere gebaut goufen. Esch-Uelzecht hat deemools just 1.900 Awunner.

Den Numm hat d'Schmelz vun der Schmelzhäre-Famill Metz, obwuel et u sech eng Joint Venture tëscht der Metz & Cie vum Norbert Metz an der Société anonyme des mines de Luxembourg et des forges de Sarrebruck vum Victor Tesch war.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufank[änneren | Quelltext änneren]

D'Entscheedung fir d'Schmelz ze baue muss am Kontext vun der politescher Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung gesi ginn, Konzessioune fir d'Minièren un d'Konditioun ze bannen, datt d'Minett am Land weiderverschafft muss ginn.[1]

Den 18. September 1871 hunn den Norbert Metz an de Victor Tesch eng Konventioun ënnerschriwwe fir eng Schmelz mat véier Héichiewen zu Esch-Schëffleng ze bauen. D'Käschte goufen tëscht den zwéi Partner gedeelt. Déi éischt Direktere waren den Hubert Muller, en Eedem vum Victor Tesch, an de Léon Metz, de Fils vum Auguste Metz. Déi zwéin hunn allebéid am Schlass Berwart zu Esch gewunnt.

Tëscht Oktober 1871 a Februar 1873 goufen déi véier Héichiewen a Betrib geholl. 1875 goufen 100.000 Tonne Goss produzéiert. De Maximum gouf 1881 an 1882 erreecht mat 146.000 Tonnen. D'Hallschent vum Goss ass, engem Kontrakt no, op Burbach gaange fir do weider verschafft ze ginn.

1995

ARBED Esch-Schëffleng[änneren | Quelltext änneren]

Véier Joerzéngten no hirer Grënnung war d'Schmelz vereelzt an onrentabel ginn (mat Goss eleng war net méi vill Goss ze maachen). Ënnert dem Emile Mayrisch goufe Pläng ausgeschafft, mat Hëllef vu groussen Investitiounen e modernt integréiert Wierk draus ze maachen, mat ugeschlossenem Stol- a Walzwierk, bei deem d'Héichuewegase benotzt géifen, fir Energie ze gewannen.[2]

Well déi ursprénglech Firmestruktur et net erméiglecht hat, Obligatiounen erauszeginn, gouf d'Metze Schmelz mat an déi nei gegrënnt ARBED integréiert. 1912 huet d'ARBED en Emprunt vun 20 Millioune Frang gemaach, fir ë. a. dës nei Strukturen zu Esch-Schëffleng bauen ze loossen. Kuerz drop hunn d'Aarbechten ënner dem Ingenieur Huber Hoff ugefaangen. Den Héichuewen II gouf mat méi engem groussen ersat an zwéin neier koume bäi, déi allen dräi tëscht Mäerz a Juli 1913 ugestach goufen. Och dat neit Stolwierk gouf am Juli 1913 a Betrib geholl, d'Walzwierk an de Méint dono.[2]

Ewell konnten op ARBED Esch-Schëffleng dräi Zorte Produkter fabrizéiert ginn: Ronneisen, Standardprofiller an Drot. Pro Dag konnten déi 6 Héichiewen 1.100 Tonne Goss produzéieren, deen an engem Thomasstolwierk mat véier Konvertere vu jee 25 Tonnen zu Stol verschaaft konnt ginn, an dann an engem Walzwierk mat sechs Stroossen zu verschiddene Produkter gewalzt ginn. Sou konnten am Joer 400.000 Tonne Réieisen an 330.000 Tonne Walzprodukter gemaach ginn.

[3]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

ArcelorMittal Rodange et Schifflange[änneren | Quelltext änneren]

An der Lescht gouf d'Schmelz vun der ArcelorMittal Rodange et Schifflange SA, enger Duechter vun ArcelorMittal bedriwwen.

Nodeems 2012 mat der Produktioun opgehale gi war, gouf de Site 2016 offiziell zougemaach.[4]

Zukunft vum Site[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2018 lafen d'Virbereedungen, fir dat ganzt Areal, ënner dem Projetsnumm Quartier Alzette oder Metzeschmelz, nei z'urbaniséieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Quartier Alzette.

Déi architektonesch Zeie vun der industrieller Vergaangenheet solle souwäit et geet erhalen an/oder fir nei Zwecker ëmgebaut oder benotzt ginn.[5] De 24. Mäerz 2023 goufen an deem Sënn 24 Gebaier an Objeten um Site als national Architekturierfschaft klasséiert[6].

Geschützten architektonesche Patrimoine[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arbed Esch-Schifflange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vun dësem Kapitel: Félix Chomé: ARBED, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, Lëtzebuerg, ouni Datum.
  2. 2,0 2,1 Scuto/Maas 2019 an der Literatur.
  3. Avis vum COSIMO iwwer eng Klasséierung vu verschiddene Gebaier an Objeten um Site, vum 14. Juli 2021.
  4. "Esch-Schifflingen: Die Zukunftsschmiede der Escher Stadtentwicklung." wort.lu (Paywall), 3. Januar 2018 um 11:44.
  5. "Leitfragen" op quartieralzette.lu.
  6. "24 immeubles du site Metzeschmelz inscrits au Patrimoine culturel national." op administration.esch.lu, 11. Oktober 2022.