Op den Inhalt sprangen

Metzlerei

Vu Wikipedia
Eng Metzlerei am Iran.
Eng Metzlerei a China.

Eng Metzlerei ass e Buttek, deen d'Produiten aus dem Schluechthaus nom Schluechten zu Fleesch- a Wurschtproduite weiderverschafft a verkeeft. D'Persoun, déi déi Aarbecht mécht, ass de Metzler.

Metzlereien hu meeschtens eng Théik, déi als Vitrinn ausgefouert ass, an där d'Produite leien, zum Beispill Gehacktes, Wäinzoossiss, Lyoner, Träipen, Bifdeck, Ham, Brot oder Kotletten. Derieft verkafe vill Metzlereien zu Lëtzebuerg haut och fäerdeg Platen.

An enger Metzlerei gëtt speziellt Geschier an Technike gebraucht, fir Prezisioun an Hygiène ze garantéieren. Dozou zielen Messere wéi d'Kichebeil, Seeën, de Fleeschwollef a Kreep. D'Technike variéiere jee no Déierenaart an dem gewënschte Stéck Fleesch. Zu den gewéinlechen Aarbechte gehéieren d'Ausbeenen (d'Erausléise vun der Schank aus dem Fleesch) an d'Zouschneiden, Portionéieren a Virbereede vum Fleesch fir den Eenzelhandel oder de Gebrauch an der Kichen.

Metzlereie kënnen eegestänneg gefouert ginn, also als onofhängege Buttek, oder als Deel vun enger méi grousser Chaîne existéieren, wéi zu Lëtzebuerg zum Beispill mat der Mark Emo oder der Boucherie Kirsch,[1],[2] oder en Deel vun engem méi grousse Supermarché sinn. Si zielen zu deem wat op Franséisch e "Commerce de proximité" genannt gëtt, dat heescht Verkafsplazen, déi Produite fir den Alldag verkafen an an déi de Client theoretesch reegelméisseg geet.[3] A villen europäesche Länner ass d'Zuel vun de klenge Metzlereien zënter dem Ufank vum Joerdausend staark zréckgaangen, ënner anerem well d'Iessgewunnechte sech geännert hunn, et net genuch Metzler gëtt, oder et sech finanziell net méi rentéiert.[4],[5],[6],

Fir zu Lëtzebuerg kënnen eng Metzlerei opzemaachen, muss ee wéi fir all Handwierksbetrib eng Autorisatioun hunn. D'Persoun, déi de Betrib wëll opmaachen, muss dofir déi néideg berufflech Qualifikatioun (Meeschterprüfung) hunn an noweise kënnen, datt se berufflech keng komme gelooss huet an hir "Honorabilité professionnelle" beweisen. Donieft muss se noweise kënnen, datt s'eng fest Plaz fir déi zukünfteg Metzlerei huet.[7]

Commons: Metzlereien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. emo.lu: À propos (gekuckt de 7. Januar 2025)
  2. kirschleboucher.lu: Nos points de vente (gekuckt de 7. Januar 2025)
  3. insee.fr: Le commerce de proximité (11. Mee 2010)
  4. capitale.fr: Paris : pourquoi la moitié des boucheries de la capitale ont disparu en vingt ans vum Xavier Martinage (15. Abrëll 2024)
  5. hessenschau.de: Warum immer mehr Traditionsmetzgereien schließen vum Stefanie Küster (23. Januar 2024)
  6. wko.at: Wiens letzte Fleischermeister (12. November 2024)
  7. guichet.lu: Handwerksberufe der Liste A (1. September 2023)