Michael Reeves

Vu Wikipedia
Michael Reeves
Gebuer 17. Oktober 1943
Gestuerwen 11. Februar 1969
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmregisseur, Regisseur

De Michael Reeves, gebuer de 17. Oktober 1943, a gestuerwen den 11. Februar 1969 zu London, un enger Iwwerdosis vu Schloftabletten, war en englesche Filmregisseur.

1963 huet de Michael Reeves als Assistent vum Filmregisseur Jack Cardiff beim Film The Long Ships ugefaangen.

1964 war hie Second Unit Director beim Film Il castello dei morti vivi mam Christopher Lee an der Haaptroll.

1966 produzéiert an dirigéiert hien de Film La sorella di Satana mat der Barbara Steele an der Haaptroll.

Fir säin zweete Film The Sorcerers engagéiert hien de Boris Karloff.

A sengem nächsten a leschte Film Witchfinder General spillt de Vincent Price d'Haaptroll. Hei geet et ëm de Mathew Hopkins, deem säi Liewensziel et ass Hexen ze fannen an ze verbrennen.

De Michael Reeves huet a sengem kuerze Liewen zwar nëmmen 3 B-Filmer gedréint. Hien huet et awer fäerdeg bruecht a jiddwerengem vu senge Filmer ee vun de grousse Schauspiller aus dem Horrorfilmgenre fir d'Haaptroll z'engagéieren.

De Film Witchfinder General ass nom fréien Doud vum Michel Reeves e Kultfilm ginn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]