Micheál Martin

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Micheál Martin
Micheál Martin TD (cropped).jpg
Gebuer 1. August 1960
Cork
Nationalitéit Irland
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Partei Fianna Fáil
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Micheál Martin (Iresch: Micheál Ó Máirtín (ˈmʲiːçaːl̪ˠ)), gebuer den 1. August 1960 zu Cork, ass en iresche Politiker. Hien ass zanter dem Januar 2011 President vun der Partei Fianna Fáil an zanter dem 27. Juni 2020 Taoiseach (Premierminister) vun Irland.

De Martin ass zanter der Mëtt vun den 1980er Joren op kommunalem an nationalen Plang politesch aktiv. 1997 bis 2000 war hien Edukatiounsminister, dono bis 2004 Gesondheetsminister, du bis 2008 Handelsminister, a vu Mee 2008 bis Januar 2011 Ausseminister vu sengem Land.

No de Wale fir den Dáil Éireann (Parlament) den 8. Februar 2020 koum et zu enger Koalitiounsregierung aus Fianna Fáil, Fine Gael an der Green Party. Dem Koalitiounsaccord no ass de Martin déi éischt 30 Méint Premierminister, dono ass et um Tour vum Leo Varadkar (Fine Gael), dee virum Martin scho Premierminister war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Micheál Martin – Biller, Videoen oder Audiodateien