Michel Deutsch
Ausgesinn
| Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Michel Deutsch | |
|---|---|
| Gebuer |
21. Februar 1837 Veianen |
| Gestuerwen |
12. Mee 1905 Esch-Uelzecht |
| Aktivitéit | Sculpteur |
|
| |

De Michel Deutsch, gebuer den 21. Februar 1837 zu Veianen, a gestuerwen den 12. Mee 1905 zu Esch-Uelzecht, war e Sculpteur.
Um Sennengerbierg ass d'rue Michel Deutsch no him benannt.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Statu vun der Onbefleckter Empfängnes op der Fassad iwwer dem Portal vun der Kierch zu Buerglënster
- Statu vum Äerzengel Méchel nieft dem Aganksportal vun der Méchelskierch an der Stad Lëtzebuerg
- Statu vun der Maria mat Jesuskand, Kierch zu Lëtzebuerg-Weimeschkierch
- Zwou Léiwe-Skulpture bei der Kierch zu Dikrech
- D'Jean-Bertels-Statu op der Iechternacher Sauerbréck zu Iechternach, déi 1944 zerstéiert gouf.
- Skulpturen op sengem Haus am Marschallspesch dat haut der Gemeng Dikrech gehéiert.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Léiweskulptur op der Kluster zu Dikrech
- Onbefleckt Empfängnes iwwer dem Portal vun der Kierch Buerglënster
- Äerzengel Méchel op der Méchelskierch, um Krautmaart
- Skulpturen op sengem Haus zu Dikrech
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Aloyse David & Serge Kugener: Der Bildhauer Michel Deutsch (1837 - 1905) Teil 1 in: Den Deiwelselter - Informatiounblat vun der Gemeng Dikrich, N°4/2005, S.8 - S.13
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Michel Deutsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
