Michel Dondelinger

Vu Wikipedia
Michel Dondelinger
Gebuer 28. Februar 1828
Gestuerwen 30. Dezember 1904

De Michel Dondelinger, gebuer den 28. Februar 1828 zu Lëntgen a gestuerwen den 30. Dezember 1904 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Kondukter.

De Michel Dondelinger ass 1845 an den Déngscht vun der Bauverwaltung agetrueden. 1853 koum hien op Iechternach. Dat selwecht Joer huet hien de Kondukteschexame gepackt, eng Nominatioun krut hien awer eréischt 1858, wou hien “conducteur de 2e classe dans l'administration des travaux publics” gouf. 1863 ass hien zum Kondukter 1. Klass avancéiert.

Als Kondukter war den Dondelinger zoustänneg fir d'Uleeë vum sougenannten Naturpark am Mëllerdall (1879) an un dem touristeschen Aménagement vun der Äsbech (1880) bei Iechternach bedeelegt. Och bei der Erschléissung vun der Wollefsschlucht huet hien eng Hand mat ugepaakt.

De Michel Dondelinger war ee vun de Pionéier vum Iechternacher Verschéinerungsveräin, deen 1880 gegrënnt gouf. Hie war Vizepresident am éischte Kommitee vum Veräin, wou säi Fils, de Victor Dondelinger, Sekretär war.

De Michel Dondelinger huet sech fir Archeologie intresséiert an hien huet zwéin Artikelen am Bulletin vun der der archeologescher Gesellschaft verëffentlecht.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Substructions romaines découvertes sur le territoire de Berdorf. Publications de la Société archéologique du G.-D. de Luxembourg, XVII, 1862, p. 162-165.
  • Substructions de l'époque gallo-romaine sur le territoire du village d'Ernzen (Prusse). Publications de la Société archéologique du G.-D. de Luxembourg, XVIII, 1863, p. 167-169.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 71 S. (Online publizéiert). [1]