Op den Inhalt sprangen

Michel Knepper

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Michel Knepper
Gebuer 24. Dezember 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun RWTH Aachen,
Université Nancy-II
Aktivitéit Ingenieur, Consultant
Fonctioun President vum COSL

De Michel Knepper, gebuer de 24. Dezember 1960 an der Stad Lëtzebuerg[1] ass e lëtzebuergeschen Ingenieur a Consultant.

Hien huet op der RWTH zu Ooche fir Ingenieur studéiert an duerno (1995/96) zu Nanzeg en Diplom (DESS) a Businesss Administration gemaach. Hien huet a verschiddenen Entreprisen am Privatberäich geschafft an och Coursen op der Universitéit Lëtzebuerg (2017-2023) ginn.

Vu Mäerz 2013 bis Mäerz 2025 war de Michel Knepper President vum Finanzbureau (Président bureau des finances) vum COSL, ier hien op der Generalversammlung den 29. Mäerz 2025 als President vun der Federatioun gewielt gouf. Hien iwwerhëlt déi Plaz vum André Hoffmann.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. « Immatriculation » am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer B129053 (K-Engineering) den 30/03/2025