Michel Lemaire
| Michel Lemaire | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
8. Oktober 1988 Ettelbréck |
| Alter | 37 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Universitéit Graz, Lycée du Nord |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | ADR |
| Fonctioun | Gemengeconseiller, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
|
| |
De Michel Lemaire, gebuer den 8. Oktober 1988 zu Ettelbréck[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (ADR).
De Lemaire gouf an enger Famill an der Neibelsch gebuer an ass zu Maarnech opgewuess; hien goung zu Reiler an d'Primärschoul an zu Wolz an de Lycée, wou e seng Première op der A-Sektioun ofgeschloss huet. Duerno huet hien op der Universitéit Graz Germanistik studéiert a koum am Joer 2015 hannescht op Lëtzebuerg.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Michel Lemaire war vun 2017 bis 2022 President vun Adrenalin, der Jugendorganisatioun vun der ADR a war vun 2017 bis 2025 parlamentaresche Mataarbechter vun der ADR.
2017 huet hien eng éischt Kéier bei de Gemengewalen zu Clierf kandidéiert, gouf awer eréischt bei de Walen duerno, 2023, an de Gemengerot gewielt.
Hie war och Kandidat bei de Chamberwalen 2018 an 2023, krut awer net genuch Stëmme fir direkt an d'Chamber ze kommen. Nodeems de Jeff Engelen säin Deputéiertemandat den 19. November 2025 néiergeluecht huet, ass de Lemaire deen Dag drop fir hien nogeréckelt.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Michel Lemaire – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Wie ein Silvester-Patt Michel Lemaire zur ADR brachte, wort.lu, 30. Oktober 2025, gekuckt den 3. November 2025
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ ADRenalin, déi jonk adr (F2335), op lbr.lu
- ↑ Florian Javel: "Michel Lemaire wurde als neuer ADR-Abgeordneter vereidigt." wort.lu, 20.11.2025.
