Michel Lentz

Vu Wikipedia
Michel Lentz
Gebuer 21. Mee 1820
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. September 1893
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter

De Michel Lentz, gebuer den 21. Mee 1820 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 7. September 1893, war e Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen als Nationaldichter bezeechent gëtt. Hien huet virun allem Gedichter geschriwwen, dorënner den Text vum lëtzebuergeschen Nationallidd Ons Heemecht. Vu Beruff war hie Staatsbeamten.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Um Haus Nummer 6, an der Ënneschtgaass erënnert eng Gedenktafel un de Michel Lentz.[1]
Dem Michel Lentz säi Graf um Nikloskierfecht.
Partitur vun der Heemecht.
Lëtzebuerger Käppercher mam Bild vum Michel Lentz

De Michel Lentz, de Jong vum Bäckermeeschter Jean-Pierre Lentz a senger Fra Marguerite Spresser koum an der Chimaysgaass den 21. Mee 1820 mëttes e Véirel op eng op d'Welt. Ëm 1820 hat säi Papp um Eck Chimaysstrooss - Ënneschtgaass dat Haus kaaft. Kuerz drop huet hien nach e klengt Haus an der Ënneschtgaass kaaft, fir do seng Bäckerei ze féieren.

No senger Primärschoul ass de Michel Lentz an de Kolléisch gaangen, wou hien 1840 säi Premièresdiplom krut. No engem Joer Philologie an der Bréisseler Université Libre ass hien Enn 1842 an d'Sekretariat vun der Regierung ernannt ginn. Den 10. September 1851, de Lentz war do scho Commis de Première Classe, huet hie sech mat der Jeanne Reuter bestuet, dem Meedche vun engem pensionéierte Schoulmeeschter aus der Stad. Si haten dräi Kanner: d'Mathild, d'Elise an de Pierre-Mathis-Edmond, deen 1899 gestuerwen ass.

Berufflech ass et weider eropgaangen. 1857 war de Michel Lentz Ënnerbürochef, 1869 scho Bürochef a Conseiller an der Rechnungskummer, eng Plaz, déi hie bis zu senger Pensioun 1892 hat. De 7. September 1893 ass de Lentz, deen zu där Zäit bal blann war, gestuerwen.

Den "Nationaldichter" krut den 10. September e Staatsbegriefnes, an de Staatsminister Paul Eyschen huet d'Läicheried gehalen. De Michel Lentz ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Ee Monument fir zwéin[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Edmond de la Fontaine hu Frënn Sue gesammelt fir him e Monument opzeriichten. Kuerz drop koum et zu engem Comité, deen och dem Michel Lentz wollt en Denkmal setzen. Op Drock vum Staatsminister Eyschen, dee sech nach un dem "Dicks" säi Fulleparlament am Gréngewald erënnert huet, an deem dem Eyschen säin däitschfrëndleche Papp als "ale Kueb" presentéiert gouf[2], koum et dann zu engem Kompromëss, an de Staatsminister huet net bräichten e Monument anzeweien, dat just fir den "Dicks" eleng gewiescht wier.

D'Dicks-Lentz-Monument steet um Square Jan Pallach nieft der Plëss d'Arem an der Stad Lëtzebuerg.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Lentz war e gliddege Patriot, wat aus alle senger Gedichter däitlech ervirgeet. Säin éischt Gedicht huet hie mat siwwenzéng Joer geschriwwen[3]. Eng éischt Sammlung vu senge Gedichter koum 1873 ënner dem Titel Spâss an Ierscht eraus. Véierzéng Joer duerno waren et d'Hierschtblummen. En drëtte Band Wantergrëng gouf ni gedréckt. Vill vu senge Gedichter goufe vertount, deels vun him selwer a vu sengem Fils Edmond, mä och vun aner Komponisten: Dicks, Jean Antoine Zinnen, Laurent Menager, J. A. Müller, Gustave Kahnt an Albert Thorn.[4]

Gedichter (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Lentz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Plack gouf mëttlerweil duerch eng nei Marberplack am selwechte Format ersat, op där den Text awer an der aktueller Lëtzebuerger Schreifweis gehalen ass. Zousätzlech huet 1993 d'Actioun Lëtzebuergesch, zesumme mat der CGFP eng zweet Plack mat engem bronze Medaillon un d'Gebai gehaangen.
  2. Cf. Jules Mersch 1953: Paul Eyschen. Biographie Nationale S. 82
  3. Welter, N. Das Luxemburgische und sein Schrifttum, 1914
  4. Quell: http://www.autorenlexikon.lu/page/author/334/3345/FRE/index.html
  5. Quell: https://persist.lu/ark:70795/83sbwv/pages/1/articles/DTL35