Michel Polfer

Vu Wikipedia
Michel Polfer
De Michel Polfer intervenéiert un der Table ronde Le milieu culturel luxembourgeois sous l'Occupation allemande am Januar 2014 am Auditoire vum Cité.
Gebuer 9. Juni 1964
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker


De Michel Polfer, gebuer den 9. Juni 1964 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Historiker, Archeolog a Muséesdirekter.

Hien huet um Centre universitaire an der Stad an duerno zu Freiburg im Breisgau Däitsch, Geschicht an Archeologie studéiert. Zu Freiburg huet hie säin Doktorat a Réimescher Archeologie gemaach an zu Metz seng Habilitatioun.

Bis zu senger Ernennung, am Februar 2006, zum Direkter vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, war hie Geschichtsprofesser am Lycée technique d'Ettelbruck. Hien ass och Professeur associé op der Uni Lëtzebuerg. 2007 gouf de Michel Polfer als Membre effectif an d'Section historique vum Institut grand-ducal opgeholl.

De Michel Polfer huet eng sëllege geschichtlech an archeologesch Fuerschungsaarbechte publizéiert. Seng Schwéierpunkttheme si réimesch Nekropolen a Begriefnesritualer, réimescht Handwierk an d'Besiidlungsgeschicht vun der Géigend tëscht der Meuse an der Musel an der Réimerzäit an am fréie Mëttelalter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Polfer – Biller, Videoen oder Audiodateien