Michel Reis

Vu Wikipedia
Michel Reis
Gebuer 11. September 1982
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jazzmuseker, Komponist
Member vun Reis-Demuth-Wiltgen


De Michel Reis, gebuer den 11. September 1982[1], ass e lëtzebuergeschen Jazz-Pianist a Komponist.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Reis huet ongeféier mat siwe Joer mat private Pianoscoursen doheem ugefaangen, éier hien am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg weider gemaach huet.[1] Gläichzäiteg war hien an enger Jazz-Klass. Zesumme mam Bassist Marc Demuth an dem Drummer Paul Wiltgen huet hien 1998, wéi si nach am Lycée waren, den Trio Reis-Demuth-Wiltgen gegrënnt. 2003 hu si eng Paus gemaach, well se alleguer an aner Länner studéiere gaange sinn. De Michel Reis krut 2002 eng Bourse fir op Boston ze goen, wou hien um Berklee College of Music an am New England Conservatory of Music mat Museker wéi dem Danilo Perez an dem Ran Blake Piano studéiert huet[1][2].

2005 war hie Finalist beim éischten Jazz-Concours zu Moskau. D'Joer drop krut hien den 2. Präis an der Kategorie "Pianosolo" beim Jazz-Concours vu Montreux[1],[3]. Ëm déi Zäit huet hien och zesumme mam Dennis Frehse (Perkussioun) an dem Michael Oien (Bass) säin éischten Album A Young Mind verëffentlecht[2].

De Michel Reis huet dräimol de Music:LX-Präis als Exportkënschtler vum Joer gewonnen: 2013 an 2018 als Deel vu sengem Trio Reis-Demuth-Wiltgen an 2014 als Solokënschtler[4].

2015 huet hien zesumme mam Stefan Karl Schmid (Saxophon, Klarinett), dem Robert Landfermann (Kontrabass) an dem Jonas Burgwinkel (Batterie) als Michel Reis Quartet den Album Capturing This Moment verëffentlecht.[4] Hien hat mat deenen dräi schonn den Album Hidden Meaning opgeholl awer nëmmen ënnert sengem eegenen Numm verëffentlecht[5].

E Joer méi spéit huet de Reis-Demuth-Wiltgen Trio den Album Places in Between erausbruecht[6].

Dem Michel Reis säin zweete Soloalbum Short Stories gouf 2019 verëffentlecht.

De Michel Reis huet a ville renomméierten Jazz-Clibb a Festivaller weltwäit gespillt, wéi dem Blue Note Jazz Club, dem Jazz at Lincoln Center oder dem Panama Jazz Festival[1].

Zënter 2014 ënnerriicht de Michel Reis Jazz-Piano am Stater Conservatoire.

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004: A Young Mind (mam Dennis Frehse & Michael Oien)
  • 2009: Fairytale (mam Aaron Kruziki)
  • 2010: Point of No Return
  • 2013: Hidden Meaning
  • 2013: Reis Demuth Wiltgen (als Reis-Demuth-Wiltgen)
  • 2015: Capturing This Moment (als Michel Reis Quartet)
  • 2016: Places in Between (als Reis-Demuth-Wiltgen)
  • 2018: Mito
  • 2018: Japan Quartet
  • 2018: Once in a Blue Moon (als Reis-Demuth-Wiltgen)
  • 2019: Short Stories
  • 2021: Sly (als Reis-Demuth-Wiltgen)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Presentatioun op pianobleu.com (gekuckt den 11. Mäerz 2017)
  2. 2,0 2,1 Presentatioun op www.franceinter.fr
  3. woxx.lu: JAZZ: Michel Reis: „A young mind“ (8. Abrëll 2005)
  4. 4,0 4,1 Presentatioun op musiclx.lu
  5. Kritik vun "Hidden Meaning"
  6. Places in Between op jpc.de (gekuckt den 11. Februar 2017)