Mike Richartz
| Mike Richartz | |
|---|---|
| Gebuer |
31. Dezember 1970 Ettelbréck |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Universitéit vu Léck |
|
| |
De Michel, genannt Mike, Richartz, gebuer den 31. Dezember 1970 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen Historiker (spezialiséiert an der mëttelalterlecher Geschicht vum Herzogtum Limburg a vun der Grofschaft Lëtzebuerg), Sportler, Museker a politeschen Aktivist. Hien ass Geschichtsprofesser am Stater Kolléisch an op d'Universitéit Lëtzebuerg detachéiert.
Formatioun a Beruff
[änneren | Quelltext änneren]De Mike Richartz huet vun 1995 bis 1999 op der Universitéit vu Léck mëttelalterlech Geschicht (2e licence) a vun 1999 bis 2001 Reliounsgeschicht am Kader vun engen Diplôme d'études spécialisées studéiert. Do dernieft huet hien och d'Agrégation d'Enseigenement Secondaire et Supérieur (A.E.S.S.) zu Léck gemaach. Hien huet berufsbegleedend, och op der Universitéit Léck, bei de Professere Jean-Louis Kupper a Florence Close mam Dissertatiounsthema Devenir et rester Prince d'Empire. Rang et pouvoir des ducs de Limbourg aux XIIe et début du XIIe siècles promovéiert[1].
No sengem Stage am LHCE an LTML ass de Mike Richartz als Geschichtsprofesser an den LTMA op Péiténg genannt ginn, wou hien tëscht 2006 an 2008 Chargé de Direction vum Enseignement modulaire war. Tëscht 2008 an 2012 war hie Geschichtsprofesser am LCE zu Iechternach. Vun 2012 bis 2019 war hien dunn Directeur adjoint vun der École de la 2e Chance / École nationale pour adultes, ier hien erëm zeréck an de Schouldéngscht gaangen ass. Hien ass als Professer am Stater Kolléisch nominéiert an zënter 2021 ganz op d'Universitéit Lëtzebuerg detachéiert, wou hien, zum engen, Coursen an der Geschichtsdidaktik fir déi zukünfteg Enseignante gëtt, an an der Geschichtsdidkatik fuerscht a publizéiert, an, zum aneren, an der Geschicht vu Lëtzebuerg, Arel a Limburg am Mëttelalter fuerscht[1].
Politesch Aktivitéit
[änneren | Quelltext änneren]De Mike Richartz ass 1989 Member vun der Grénger Alternativ Partei (GAP) ginn. 1993 war hien, zesumme mam François Bausch, Vertrieder fir d'GAP an der Delegatioun fir d'Vereenegung vun den zwou grénge Parteie GLEI a GAP ze verhandelen. Hien ass Grënnungsmember vun Déi Gréng a vun Déi Gréng Norden. Doriwwer eraus huet hien 1995 d'Initiativ geholl fir Déi Jonk Gréng ze grënnen, deenen hiren éischte Spriecher hien och bis 1999 war.[Quell?]
Aktuell engagéiert de Mike Richartz sech als antifaschistischen Aktivist. An deem Kontext ass hien 2019 vum spéideren ADR-Deputéierte Fred Keup wéinst "Injures et Diffamation" verklot ginn. Déi Klo ass vum Parquet als géigestandslos, ouni Suite klasséiert ginn[2].
Am September 2023 huet hien op d'Verbindungen tëschent der ADR an der rechtsextremistescher, kathoulesch-integristescher, franséischer Vereenegung "Civitas" higewisen an antisemitesch Aussoe vun der Vize-Presidentin vun ADR-International opgedeckt.[3]
Sportlech Aktivitéit
[änneren | Quelltext änneren]De Mike Richartz ass zënter 1998 am Nationaldivisiounskader vun de lëtzebuerger Basketsarbiteren. Hien huet, nieft verschiddene Championnatsfinalle bei den Hären an den Dammen och d'Coupefinallen 2008 bei den Hären tëscht der Etzella Ettelbréck an de Musel Pikes an 2025 tëscht der Etzella Ettelbréck an dem Basket Esch arbitréiert[4].
Musikalesch Aktivitéit
[änneren | Quelltext änneren]De Mike Richartz ass Batteur vun de Formatioune Backyard an d'JEMMS, fir déi hien och Textdichter a, mat senge Bandkolleegen, Songwriter ass[5].
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Michel (Mike) RICHARTZ, Die Kreuzzugsbeteiligungen der Herzöge von Limburg bis 1226. Eine Neubetrachtung, in: Hémecht. Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 76 (2024), 4, S. 389-421[6].
- Mike RICHARTZ, Melanie NOESEN, Historische Erfahrung? Vom Erleiden zum Handeln. Historisches Lernen als Konstruktion des persönlichen historischen Raumes, in: Historische Erfahrung, Jörg van Norden, Lale Yildrim (Hg.), Wochenschau Verlag, Frankfurt am Main, 2022, S. 279 - 294[7].
- Michel (Mike) RICHARTZ, Étude critique de la charte d’inféodation plaçant le duc Henri III de Limbourg dans la vassalité du duc Henri Ier de Brabant en 1191, in: Bulletin de la Commission royale d'Histoire 188 (2022), pp. 23-53[8].
- Mike Richartz, Les origines limbourgeoises des armoiries du Luxembourg: nouvelles donnes. Hémecht, 3/2025.
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 (en) Team Mike Richartz. History. Gekuckt den 13.12.2023.
- ↑ Mike Richartz op facebook.com
- ↑ Fanny Kinsch: "No Civitas-Kontrovers: ADR-Member trëtt no Reprochë vun Antisemitismus aus Partei aus." rtl.lu, 19.09.2023.
- ↑ (en) Finales Coupe de Luxembourg. AdABL (04.09.2012). Gekuckt den 20.05.2025.
- ↑ JEMMS. Gekuckt de 04.01.2025.
- ↑ H/SOZ/KULT. Gekuckt den 10.02.2025.
- ↑ Wochenschau Verlag, Historische Erfahrung. Gekuckt den 20.05.2025.
- ↑ Persée. Gekuckt den 20.05.2025.
