Michel Theato

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Michel Théato)
Michel Theato
Gebuer 22. Mäerz 1878
Lëtzebuerg
Gestuerwen 2. Abrëll 1923
14. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Marathonleefer, Laangstreckeleefer
Kompetitiounsklass Marathon
De Michel Theato kuerz nom Start vum Marathon als zweetleschten an der Rei.

De Michel Johann Theato, wéi et op sengem Gebuertsschäi steet, gebuer den 22. Mäerz 1878 an der Stad Lëtzebuerg op der Nummer 8 vun der Louvignysgaass[1], a gestuerwen den 2. Abrëll 1923 am 14. Arrondissement zu Paräis[2] war e franséisch-lëtzebuergesche Liichtathleet.

Bei den Olympesche Spiller 1900 zu Paräis huet hien de Marathon des fortifs gewonnen. Hien huet déi Zäit a Frankräich gewunnt a sech a sengem Veräin vu Saint-Mandé ageschriwwen. Dowéinst ass hien an den Dokumenter vum Olympesche Comité als Fransous betruecht ginn.

Den Theato huet zu Paräis als Coursier fir eng Bäckerei geschafft. En huet de Marathon mat engem Chrono vun 2:59:45 h gewonnen, op engem ganz waarmen Dag. Seng Victoire gouf kontestéiert: Verschidde Leefer hu behaapt, den Theato hätt gefuddelt an onerlaabt Ofkierzunge geholl, woubäi en op seng gutt berufflech Kenntnesser vun de Paräisser Stroossen hätt kënnen zeréckgräifen.

Dräi Joer duerno ass dem Theato seng Sportlerkarriär op en Enn gaangen, nodeem e gefall war, an en um Knéi huet missen operéiert ginn.

An de Palmarèse gouf den Theato laang als Fransous gefouert. Eréischt um Enn vum 20. Joerhonnert koum eraus, datt hie Lëtzebuerger war, an domat deen éischte Lëtzebuerger Olympiagewënner. Dacks gëllt nach ëmmer de Josy Barthel als bis ewell eenzege Goldmedaile-Gewënner aus dem Grand-Duché.

De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss um Belair no him ze nennen[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Theato – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxembourg, Registres d'état civil, 1796-1941, database with images, FamilySearch (https://familysearch.org/ark:/61903/1:1:7FV4-P4MM : 18 February 2021), Michel Johann Theato, 22 Mar 1878; citing Birth, Luxemburg, Archives nationales de Luxembourg (National Archives), Luxembourg; FHL microfilm .
  2. Acte de décès: Acte 1848, Décès 1923 Paris XIVème, Archives de Paris cote 14D 335 du 27 mars 1923 (acte n° 1684) au 10 avril 1923 (acte n° 1983) vue 17 (cf. https://www.wikitree.com/wiki/Theato-7)
  3. op archives-vdl.findbuch.net