Op den Inhalt sprangen

Michel Weber (Lokalpolitiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ettelbrécker Lokalpolitiker Michel Weber. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Michel Weber.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Michel Weber
Gebuer 9. September 1858
Ettelbréck
Gestuerwen 15. Oktober 1939
Alter 81 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen, Lokalpolitiker, Géisser
Fonctioun Buergermeeschter

De Michel Weber, gebuer den 9. September 1858[1] zu Ettelbréck[2], a gestuerwen de 15. Oktober 1939[3], war e lëtzebuergeschen Industriellen a Lokalpolitiker.

De Michel Weber war 1878 Matgrënner (zesumme mat sengem Papp, deen och Michel housch) a Besëtzer vun der Maschinnefabréck an Eisegéisserei Weber zu Ettelbréck. Vun 1935 bis 1937 war hie Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck.

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Ettelbréck eng Strooss no him genannt.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Fonderie Weber, Ettelbruck. industrie.lu, nogekuckt 25.12.2025.
  2. De Michel Weber op www.luxracines.lu
  3. Avis mortuaire 8 Page 5. In: Luxemburger Wort, 1939. Jg., nº 289 (16.10.1939), p. 5 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  4. L-9089; Lag op geoportail.lu.